Gutt Nouvellë komme kuerz viru Chrëschtdag fir de Lëtzebuerger Grégoire Munster, dee sech och déi nächst Saison e Cockpit bei M-Sport séchere konnt.

Grégoire Munster eng weider Saison fir M-Sport an der Rallye-WM/Rep. Sam Rickal

De Grégoire Munster war jo fir d'Saison 2024 zesumme mat sengem belsche Copilot Louis Louka an der Rallye-Weltmeeschterschaft fir M-Sport op engem Ford Puma Rally1 op Punktejuegd gaangen. Et war vun Ufank u kloer, dass et hei drëm geet, dass den Duo Erfarungen an der héchster Klass vum Rallyesport sammelt, ouni ze vill Drock auszeüben.

Iwwert d'Saison konnte si ëmmer nees punktuell Highlights setzen a weisen, dass si den Tempo un der Spëtzt kënne matgoen, wann alles perfekt klappt.

RTL

© Luca Barsali / NurPhoto / NurPhoto via AFP

Déi Responsabel bei M-Sport schéine Vertrauen dran ze hunn, dass de Lëtzebuerger-belschen Duo an Zukunft weider Progrèse maache kann, a sou goufe si um Mëttwoch de Mëtteg als festen Equipage fir d'Saison 2025 bestätegt.

Nodeems den Adrien Fourmaux an den Alexandre Coria bei Hyundai gewiesselt sinn, war M-Sport Ford op der Sich no engem zweeten Equipage. En Donneschdeg koum d'Nouvelle, datt de Josh McErlean a säi Copilot Eoin Treacy aus der Rallye 2 WM bei der Ekipp vum Grégoire Munster ënnerschriwwen hunn.

Lass geet déi nei Saison traditionell mam Rallye Monte-Carlo Enn Januar. Am ganze sti 14 Rallyen d'nächst Joer am Kalenner an den Ofschloss ass déi Kéier net a Japan, ma vum 27.-30. November a Saudi-Arabien.

De WRC-Kalenner 2025

01 Rallye Monte-Carlo 23 – 26 January
02 Rally Sweden 13 – 16 February
03 Safari Rally Kenya 20 – 23 March
04 Rally Islas Canarias 24 – 27 April
05 Vodafone Rally de Portugal 15 – 18 May
06 Rally Italia Sardegna 05 – 08 June
07 EKO Acropolis Rally Greece 26 – 29 June
08 Delfi Rally Estonia 17 – 20 July
09 Secto Rally Finland 31 July – 03 August
10 Rally del Paraguay 28 – 31 August
11 Rally Chile Bio Bío 11 – 14 September
12 Central European Rally 16 – 19 October
13 FORUM8 Rally Japan 06 – 09 November
14 Rally Saudi Arabia 27 – 30 November