Schüler entwéckelen hire eege Miniaturautoen
Eemol an déi spannend Welt vun der Formel 1 anzedauchen, géife sech vill Jonker bestëmmt wënschen. Mam Projet "F1 in Schools" gëtt dat indirekt méiglech.
Säin eegene klenge Formel-1-Auto bauen a sech an enger Competitioun géint aner Ekippe moossen, national awer och international. Dofir interesséiere sech iwwer 90 Lycée-Schüler aus Lëtzebuerg. Dorënner och puer Jonker aus der International School, déi an hirer Fräizäit um Projet schaffen.
Et geet ëm Reaktiounszäit a Vitess an dorëms, op enger Streck vun 20 Meter dee Séiersten ze sinn. D’Autoen hunn d’Schüler selwer hiergestallt. Eng méintelaang Aarbecht stécht hannendrun, an dat am Kader vum Projet "F1 in Schools". D’Formel 1 ënnerstëtzt d’Schüler dann och dobäi a stellt d’Material an d’Computerprogrammer, déi se brauchen, fir ee Miniatur-F1-Auto ze entwéckelen.
An do gehéiert vill méi wéi just den Design vum Auto dozou. A Gruppe vun 3 bis 6 Leit stellen d’Participanteë souzesoen hir eegen Ecurie op d’Been, mat Logo, Businessplang a Marketing-Strategie, erkläert den Enseignant Bruce Duxbury.
"Dat ass souzesoen d’Schoulversioun vun der Formel 1. Si mussen alles maachen, wéi se et an der Formel 1 maachen: eng Ekipp managen, Sue sammelen, e Profil erstellen. Se mussen d’Reegelen analyséieren a kucken, wou deen een Detail ass, deen eng aner Ekipp vläicht iwwersinn huet fir virun ze kommen."
D’Zil ass et, de Schüler de Beruff vum Ingenieur méi no ze bréngen, a Fächer wéi Mathé, Naturwëssenschaften an Technik méi interessant ze maachen. An dat géif an der Praxis och ganz gutt klappen, seet de Bruce Duxbury, dee selwer vun der Formel 1 begeeschtert ass an de Projet zu Lëtzebuerg koordinéiert.
"Ech maache mat, well et eng fantastesch Opportunitéit fir d’Schüler ass. Et begeeschtert se fir Themen, déi soss net sou gutt ukommen an der Schoul. Dass Formel 1 drop steet, ass flott. Et steet fir Glanz a Glamour, et ass spannend. An natierlech ass et super, am Kader vun der Competitioun F1-Strecken ze besichen. Mee et muss een net un där Säit interesséiert sinn fir mat ze maachen."
D’Aufgaben an den Ekippe si kloer opgedeelt. Den Alessandro Novelli zum Beispill ass a sengem Team den Auto-Designer an Ingenieur. Fir d’éischt huet hien um Laptop den Auto zesummegestallt, deen dann op enger CNC-Maschinn eraus gefrääst gëtt. Hie weist eis e graffe Prototyp vum Auto.
"Dat hei ass just ee vu ville Schrëtt an der Produktioun vun engem Auto. Et versicht een, a scheitert – an et muss ee vill testen! Online an och iwwer CFD, dat heescht Aerodynamik-Tester."
Dat, wat d’Schüler an hire Klassen am klenge maachen, huet den Dominique Riefstahl an der echter Formel-1-Welt gemaach. Jorelaang war de Lëtzebuerger Ingenieur en Deel vum Mercedes Team a ka bei sengem Besuch am Lycée e puer wäertvoll Tipps ginn. An de Profi ass beandrockt vun der Leeschtung vun de Schüler.
"De Fakt, dass se scho Simulatioune maachen, mat CFD, dat heescht Wandkanalsimulatioune mam Auto, wéi d’Loft sech ronderëm entwéckelt, wéi de Loftstroum ronderëm déi eenzel Stécker ass, fir se dann ze optimiséieren an nei Flilleken, nei Karosserie-Stécker ze maachen, dat ass wierklech Uni-Niveau. An ze gesinn, dass Schüler dat scho maachen an erfollegräich maachen, dat ass genial."
Mat Gas-Patroune ginn d’Autoen ugedriwwen an erreechen esou eng extrem héich Vitess. A wann emol eppes schif leeft, da steet den Deniz Soyer de Schüler mat Rotschléi zur Säit. Hien huet selwer scho beim Projet matgemaach an huet et mat senger Ekipp 2023 souguer bis an d’World Finals zu Singapur gepackt. D’Gold Crest Racers hunn als eenzegt Team Lëtzebuerg representéiert.
Deniz Soyer: "Dat ass definitiv dee spannendsten Deel vun dëser Erfarung. Mir si géint déi ganz Welt ugetrueden an hunn eist Land viru ronn 60 Ekippe representéiert. Et huet richteg Spaass gemaach, well mir mat all den aneren Teams aus den anere Länner konnte schwätzen, an eis Erfarungen ausgetosch hunn. Et war interessant ze gesinn, wéi ënnerschiddlech jiddereen un dës Competitioun erugaangen ass."
Am Mee d’nächst Joer ass d’Finall vum nationale Championnat. Wien elo also och gär wéilt mat maachen: et ass nach net ze spéit, fir säin Team unzemellen.