Munster-Bridder bei Rallye Monte Carlo am Asaz
Nieft dem Grégoire Munster geet och säi Brudder Charles Munster beim Optakt vun der Rallye-WM un den Depart.
Den nächste Weekend fänkt déi nei Saison an der Rallye-WM zu Monte Carlo un, an déi ass net nëmme wéinst hirer Ambiance besonnesch speziell. Ob dëser Plaz gouf d'Rallye-Weltmeeschterschaft nämlech gebuer. Dat spiert ee bei all Kilometer, deen d'Pilote bei den Epreuven hannert sech bréngen.
De Grégoire Munster ass d’lescht Joer seng éischt komplett Saison an der Rallye-Weltmeeschterschaft (WRC) gefuer. Mat senge Leeschtunge schéngt hien iwwerzeegt ze hunn, well hie säi Kontrakt fir e weidert Joer verlängert krut.
Am Haus Munster féiwert een dem Optakt vun der Rallye-Saison entgéint, well nieft dem Grégoire Munster, dëst Joer säi Brudder Charles Munster och an den Auto klamme wäert, fir un der legendärer Rallye Monte-Carlo deelzehuelen.
E weidere Reportage iwwer de Grégoire Munster gëtt et am Sportjournal de 26. Januar op der Tëlee.