Optakt vun de Formel 1 "Pre-Season-Tester" am Bahrain
Um Mëttwoch de Moien um 8 Auer war et souwäit. All d'Teams hu sech am Bahrain zesummefonnt, fir déi éischt Tester en vue vun der Saison 2025.
Hei konnt een d'Piloten dann déi éischte Kéier an hiren neie Gefier an Aktioun gesinn. D'Autoe waren dann zum Deel och mat zousätzlechem Miess-Equipement vollgepaakt, wat dach en éischter ongewéinlecht Bild ass.
Fir d'Teams sinn dës Tester awer enorm wichteg, fir ze gesinn, ob hir Aarbecht iwwert de Wanter Friichte gedroen huet, an ob d'Entwécklung vum Auto an déi richteg Richtung geet.
All d'Stammpilote kommen dann och op hiren neie Gefierer an den Asaz. Et sinn dat:
Alpine: Jack Doohan, Pierre Gasly
Aston Martin: Fernando Alonso, Lance Stroll
Ferrari: Lewis Hamilton, Charles Leclerc
Haas: Oliver Bearman, Esteban Ocon
McLaren: Oscar Piastri, Lando Norris
Mercedes: Andrea Kimi Antonelli, George Russell
Racing Bulls: Yuki Tsunoda, Isack Hadjar
Red Bull: Max Verstappen, Liam Lawson
Sauber: Nico Hülkenberg, Gabriel Bortoleto
Williams: Alexander Albon, Carlos Sainz
E wierklechen Zäiteverglach ass schwiereg bei esou Tester, well mat ënnerschiddleche Pneue gefuer gëtt, et weess een net, wien wéi vill Sprit am Tank hat, respektiv fueren d'Teams ënnerschiddlech Test-Prozeduren, wou et net ëm op déi séierst Zäit ukënnt. An awer ass et spannend ze beobachten, wou wien um Enn vun der Testsession steet... a wéi zum Beispill e Lewis Hamilton um Ferrari eens gëtt, nodeems e sou laang an engem Mercedes souz.