E Mëttwoch de Owend war zu Dummeldeng d'Soirée du Sport Automobile, organiséiert vun der Lëtzebuerger Automobilsportfederatioun ACLSport.

Hei goufen d'Championen aus deene verschiddene Competitioune geéiert, vum Karting, iwwert Biergcourse bis Rallye. Dobäi kommen awer och nach d'Titelen an der Coupe des Dames an an der Nowueswäertung.

Wien do alles e Präis géif kréien, war jo am Fong duerch d'Resultater vun zejoert bekannt. Ma een Titel stoung awer nach op, an dat war dee vum "Autosportler vum Joer".

Dëst Joer gouf d'Lëscht mat den Nominatiounen net vum ACLSport decidéiert, ma d'Pilote selwer haten d'Méiglechkeet, hir Kandidatur fir eng Nominatioun eranzereechen, wa se der Meenung waren, hir Leeschtunge wieren derwäert, fir mat dëser héchster Auszeechnung geéiert ze ginn.

Nodeems all déi Nominéiert bekannt waren, goung et drëms, Stëmmen ze verginn. Déi koume souwuel vum ACLSport selwer, grad ewéi vun der Journalistenassociatioun LMWA an net ze vergiessen, dem Voting vum Public. Aus all deene Stëmme gouf dann um Enn den Autosportler vum Joer ermëttelt.

Grad ewéi 2023 ass och fir d'Joer 2024 den Titel un de Grégoire Munster gaangen, deen zejoert seng éischt komplett Saison an der Rallye-Weltmeeschterschaft gefuer ass, dat op engem Ford Puma Rally1 aus dem Haus M-Sport.

Hie konnt sech mat 39,72% vun de Stëmmen däitlech virum Chester Kieffer mat 25,94% an dem Gil Linster mat 20,83% duerchsetzen.

RTL

© Ketty a Rom Hankes

De Grégoire Munster huet d'Saison 2024 als 8. an der WRC ofgeschloss, dat mat 46 Punkten. D'Saison 2025 huet en dann och gutt ugefaangen, well um Rallye Monte-Carlo ass him seng alleréischt Beschtzäit an der Rallye-WM gelongen, woumadder en elo definitiv deem Leschten dierft bewisen hunn, dass en un der Weltspëtzt vum Rallyesport e Wiertche ka matschwätzen.

"Et ass ee schéine Kaddo fir all d'Efforten, déi mir an de leschte Joer gemaach hunn. Et weist, datt mir op der richteger Spuer sinn an et ass super, déi Coupe fir zweet ze gewannen. Ech hoffen, dat déi Jonk vum ACL Sport dat als Usporn kennen huelen."

Mérites sportifs

Nieft den nationalen Titelen, an dem Autosportler vum Joer, goufen awer och nach eng Partie Autosportler fir hir besonnesch Leeschtungen an der Saison 2024 ausgezeechent.

Do gouf et dann och eng Première, well mam Loris Weyland an dem Yannis Weyland goufen eng éischte Kéier och zwee Pilote geéiert, déi am Dragster op Zäitejuegd ginn, an dat och ganz erfollegräich. De Yannis Weyland ass zum Beispill Champion am DMSJ-Junior-Drag-Racing-Pokal ginn.

All d'Piloten, déi mat engem "Mérite sportif" ausgezeechent goufen

BOUZAR Guillaume - Saison sur la scène int. en karting
DAX Ellie - Participation à la IAME Series Benelux
DYRDA Florent - Participation à la IAME Series Benelux
JANS Steve - Victoires en NLS ; Team Champion
KIEFFER Chester - FFSA F4 : 4 ème ; victoire à Spa
LINSTER Gil - ARCA : 7 ème à Daytona ; victoire en EuroNASCAR
MUNSTER Grégoire - Saison complète en WRC ; meilleur résultat : 5ème
PEREIRA Dylan - Vice-champion PCCA ; Victoire 24h Spa (Bronze Cup),  2ème aux 24h Nürburgring (Cup2)
SCHILLING Jean-Marie - Champion Formule Ford 1600 Historique
WEYLAND Loris -  + jeune pilote de dragster 8 ans; 2ème Oschersleben
WEYLAND Yannis - Champion en DMSJ-Junior-Drag-Racing-Pokal

RTL

© Ketty a Rom Hankes

Zukunft vum Automobilsport - Nei Karting-Pist?

Et ass kee Geheimnis, dass ganz vill Piloten hiren éischte Kontakt mam Automobilsport am Karting haten. Dofir spillt och d'Karting-Pist zu Monnerech eng immens wichteg Roll. Den ACL huet déi Pist jo iwwerholl an et hätt een "éiergäizeg Pläng" esou d'Miriam Eisenmenger, CEO vum ACL, déi sech freet, de Projet Monnerech nees nei unzegoen.

Hei soll e reegelrechte Centre de Loisirs entstoen an et ginn och scho Pläng, fir dass nieft der Open-Air-Pist, och eng Indoor-Pist soll gebaut ginn, wéi de Romain Gantrel, President vum Comité Directeur vum ACLSport wësse gedoen huet.

RTL

© Andy Brücker

Den ACLSport ass dann och schonn op Monnerech geplënnert, fir vun do aus d'Geschécker vum Automobilsport ze geréieren. An Zukunft sollen et dann och nach Upassunge bei der Opstellung vum ACLSport ginn, esou de Romain Gantrel weider.

Sportminister net um Rendez-vous

Eigentlech sollt och de Sportminister Georges Mischo bei der Soirée du Sport Automobile dobäi sinn, an e puer Wuert un d'Pilote riichten. Leider huet de Minister awer kuerzfristeg seng Participatioun un der Sportleréierung ofgesot.

Courssen zu Lëtzebuerg 2025

Nei am Kalenner ass dëst Joer jo nees d'Biergcourse Luerenzweiler, déi 13 Joer Paus gemaach huet. Op Ouschterméindeg gëtt hei nees d'Course gefuer. Donieft gëtt et dann nach d'Biergcourse zu Eschduerf, dëst Ufank Mee, a Mëtt Juli dann nach de Rallye Lëtzebuerg.

Romain Gantrel:

"D'Biergcourse vu Luerenzweiler war och ëmmer mäi perséinlechen Dada an déi lieft erëm op. Mir freeën eis a sinn och stolz, datt d'Awunner alleguerte positiv gesënnt sinn, fir de Sport rëm ze bedreiwen."

Well och de Slalom-Sport nees soll an de Kalenneren opdauchen, gouf eng nei Écurie mam Numm "Auspuff" gegrënnt. Déi organiséiert dann Enn Juni an Enn September souwuel e Slalom fir Autoen, grad ewéi fir Gokarten, dëst um Circuit zu Colmer-Bierg.

Am Journal op Tëlee Lëtzebuerg kënnt um Donneschdeg den Owend de Reportage.