Marc Marquez erwëscht perfekte Start an d'Saison

© AFP
De Spuenier huet beim Optakt zu Buriram de Sprint e Samschdeg an de Grousse Präis e Sonndeg gewonnen.
Den aachtfache spuenesche Weltmeeschter Marc Marquez (Ducati Lenovo Team) huet e perfekte Start an d'MotoGP-Saison erwëscht. No senger Start-Zil-Victoire am Sprint e Samschdeg huet hien och e Sonndeg de Grousse Präis vun Thailand zu Buriram gewonnen.
Den 32 Joer ale Spuenier, deen dës Saison vum Ducati-Team Gresini an d'Ducati-Wierksteam gewiesselt war, huet sech viru sengem Brudder Alex Marquez (BK8 Gresini Racing MotoGP) behaapt. Et ass deen éischten Doublé fir d'Marquez-Bridder.
De Marc Marquez war vun der Pole an d'Course gaangen. An der siwenter vu 26 Ronnen hat hie säi Brudder Alex laanscht gelooss. Véier Ronne viru Schluss huet de Marc Marquez dunn zur Attack ugesat, huet säi Brudder iwwerholl an huet direkt e Lach gemaach. Um Enn hat hien eng Avance vun 1,7 Sekonnen.
Op de Podium huet et och nach de Francesco Bagnaia (Ducati Lenovo Team) gepackt.
De MotoGP-Weltmeeschter Jorge Martin huet iwwerdeems déi éischt Course vun der Saison verpasst. Hie war Enn Februar wärend dem Training uerg gefall an hat sech Frakturen un der lénker Hand an um rietse Fouss zougezunn. Schonn Ufank Februar hat hien eng schwéier Chute an hat sech och do Saache gebrach.
An der Moto2 ass de Manuel González (Liqui Moly Dynavolt Intact GP) e Sonndeg vun der Pole an d'Course gaangen an ass um Enn och als Éischten iwwer den Zilstréch gefuer. De Kalex-Pilot huet sech souverän virum Aron Canet (Fantic Racing LINO SONEGO) an dem Senna Agius (Liqui Moly Dynavolt Intact GP) behaapt.
De Jose Rueda (Red Bull KTM Ajo) huet de chaotesche Moto3-Optakt an Thailand gewonnen. An enger Course mat ville Chutten hat de Spuenier um Enn eng Avance vun iwwer siwe Sekonnen op säin Teamkolleeg Alvaro Carpe, dee bei senger Moto3-Première direkt den Zweete ginn ass. Den Adriano Fernandez (Leopard Racing) huet de reng spuenesche Podium komplettéiert.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 M. Marquez Ducati Lenovo Team 01:29.460
2 A. Marquez BK8 Gresini Racing MotoGP +0.362
3 F. Bagnaia Ducati Lenovo Team +0.425
4 F. Morbidelli Pertamina Enduro VR46 Racing Team +0.541
5 F. Di Giannantonio Pertamina Enduro VR46 Racing Team +0.643
Moto2
1 M. Gonzalez Liqui Moly Dynavolt Intact GP 35:13.072
2 A. Canet Fantic Racing LINO SONEGO +2.600
3 S. Agius Liqui Moly Dynavolt Intact GP +6.491
4 D. Moreira Italtrans Racing Team +6.742
5 M. Ramirez OnlyFans American Racing Team +9.561
Moto3
1 J. Rueda Red Bull KTM Ajo 32:14.402
2 A. Carpe Red Bull KTM Ajo +7.276
3 A. Fernandez Leopard Racing +7.341
4 S. Nepa SIC58 Squadra Corse +7.590
5 M. Bertelle LEVELUP-MTA +10.242