Dëse Weekend sinn d'Manchen 3 a 4 vum Porsche Carrera Cup Asia gefuer ginn. Den Dylan Pereira konnt déi zwou Coursse gewannen.

Fir déi éischt Course um Motegi Circuit a Japan, wou och d'Coursse vun der Moto GP gefuer ginn, ass den Dylan Pereira vun der zweeter Plaz an d'Course gestart. Am Ufank hat de Pilot vum Team Shanghai Yonda BWT awer kee gudden Depart erwëscht an ass e puer Positiounen zeréckgefall. Am Verlaf vun der Course huet de Lëtzebuerger Ronn fir Ronn ëmmer nees Plaze gutt gemaach. Opgrond vun enger beandrockender Vitess war et just eng Fro vun der Zäit, bis de Pereira bis op Plaz 1 no vir fuere géif. An der véierter Ronn war et esouwäit.

D'Féierungspositioun huet de Lëtzebuerger net méi aus der Hand ginn, fir déi éischt Course mat enger Avance vu 5,8 Sekonnen op deen Zweeten Hugo Ellis aus Groussbritannien ze gewannen. Drëtte gouf den Dylan Yip aus Hongkong.
 
Déi zweet Course konnt den Dylan Pereira vun der Pole aus attackéieren. De Lëtzebuerger konnt nom Start all Attack ofwieren a sech eng kleng Avance erausfueren. Um Enn gouf et, wéinst enger Safety-Car-Phas, awer nach emol enk. De Pereira hat beim Restart awer déi néideg Rou an huet der Konkurrenz keng Attack zougelooss, fir um Enn déi zweet Kéier dëse Weekend als Gewënner unzekommen. De Podium war e Copy Paste vun der Manche virdrun. Den Hugo Ellis aus Groussbritannien stoung als Zweeten an den Dylan Yip aus Hongkong als Drëtte mat um Podium.
 
Fir d'Generalklassement huet den Dylan Pereira de Maximum vun de Punkten zu Motegi a Japan gesammelt, well hien nieft deenen zwou Victoiren och nach zweemol déi séierst Ronn an der Course gedréint huet. Doraus resultéieren zwee extra Punkten. De Lëtzebuerger steet mat 95 Punkten un der Spëtzt vum Klassement mat enger Avance vu 36 Punkten op de Britt Hugo Ellis. Drëtten ass den Enzo Trulli, Fils vum fréiere F1-Pilot Jarno Trulli, mat 54 Punkten.
 
Déi nächst Manchë vum Porsche Carrera Cup Asia ginn de Weekend vum 8. Juni um Sepang International Circuit a Malaysia gefuer.