Éischt Victoire an der MotoGP fir den Alex Marquez

© AFP
An der Moto2 gouf et donieft e Succès fir de Manuel Gonzalez an an der Moto3 huet de José Antonio Rueda gefeiert.
Den Alex Marquez huet e Sonndeg a Spuenien säin éischte Grand-Prix an der MotoGP gewonnen. De Spuenier konnt sech am Verlaf vun der Course un d'Spëtzt setzen a vun do aus seng Positioun bis zum Schluss kontrolléiert verdeedegen. E gutt Stéck hannendru gouf um wärenddeem intensiv ëm déi zweet Plaz gestridden. Um Enn konnt de Fabio Quartararo déi zweet Plaz virum Francesco Bagnaia behaapten. Net sou gutt gelaf ass et op en Neits fir de Juan Mir, deen an der 15. Ronn vu sengem Moto gefall war an domadder nees d'Chance op eng Rei Punkte leie gelooss huet. Och de Brudder vum Gewënner vun e Sonndeg, de Marc Marquez, ass no enger Chute an der drëtter Ronn net iwwer déi 12. Plaz erauskomm. Hie krut dofir ëmmerhin nach dräi Punkten. Am General ass den Alex Marquez duerch seng Victoire och neie Leader. Dat mat engem Punkt Avance op säi Brudder.
An der Moto 2 huet de Manuel Gonzalez d'Course dominéiert a sech um Enn d'Victoire geséchert. De Spuenier huet sech kee Feeler erlaabt an huet sou de Barry Baltus an de Senna Agius um Podium hannert sech gelooss.
An der Moto 3 huet de José Antonio Rueda senger Konkurrenz keng Chance geloooss. Mat engem Virsprong vun iwwer véier Sekonnen ass de Spuenier virum Engel Piqueras an dem Joel Kelso iwwert d'Arrivée gefuer an huet domadder 25 Punkte fir de General gesammelt. Do steet de José Rueda mat 91 Punkten un der Spëtzt.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1. A. Marquez 40:56.374
2. F. Quartararo +1.561
3. F. Bagnaia +2.217
4. M. Vinales +3.678
5. F. Di Giannantonio +7.267
6. B. Binder +8.529
7. P. Acosta +9.764
8. A. Ogura +10.923
9. E. Bastianini +15.879
10. L. Marini +17.239
Moto2
1. M. Gonzalez 35:30.634
2. B. Baltus +2.256
3. S. Agius +3.781
4. D. Moreria +4.781
5. D. Öncü +6.390
6. A. Arenas +7.049
7. C. Vietti +7.919
8. A. Canet +8.511
9. J. Dixon +12.537
10. F. Salac +14.783
Moto3
1. J. Rueda 33:17.979
2. A. Piqueras +4.334
3. J. Kelso +4.486
4. A. Fernandez +6.308
5. R. Yamanaka +6.409
6. T. Furusato +6.494
7. G. Pini +6.588
8. A. Carpe +8.007
9. J. Roulstone +21.703
10. V. Perrone +21.795
De General
MotoGP
1. A. Marquez 140
2. M. Marquez 139
3. F. Bagnaia 120
4. F. Morbidelli 84
5. F. Di Giannantonio 63
6. F. Quartararo 50
7. J. Zarco 43
8. A. Ogura 37
9. M. Bezzecchi 35
10. P. Acosta 33
Moto2
1. M. Gonzalez 86
2. A. Canet 79
3. J. Dixon 66
4. B. Baltus 53
5. M. Ramirez 39
6. D. Öncü 37
7. S. Agius 37
8. D. Moreira 37
9. D. Holgado 36
10. D. Vietti 34
Moto3
1. J. Rueda 91
2. A. Piqueras 87
3. J. Kelso 57
4. A. Fernandez 53
5. T. Furusato 48
6. A. Carpe 43
7. M. Bertelle 40
8. R. Yamanaka 34
9. S. Nepa 29
10. L. Lunetta 29