De Finn huet senger Konkurrenz keng Chance gelooss a mat engem komfortabele Virsprong vun 53,5 Sekonne gewonnen.

Op der véierter Manche vun der Rallye-WM a Spuenien huet sech de Kalle Rovanperä d'Victoire geséchert. Den zweefache Weltmeeschter aus Finnland stoung no 18 Wäertungsprüfungen, vun deenen hien der 15 fir sech entscheede konnt, mat engem Ecart vun 53,5 Sekonne virum Fransous Sébastien Ogier an dem Elfyn Evans aus Wales.

No sengem Accident e Samschdeg schléisst de Lëtzebuerger Grégoire Munster d'Manche op de kanareschen Inselen op der 11. Plaz of.

Am Generalklassement steet den Elfyn Evans weider mat 109 Punkten un der Spëtzt, dat virum Rovanperä mat 66 Punkten an dem Thierry Neuville aus der Belsch mat 59 Punkten.

Weider geet et bei der Rallye-WM tëscht dem 15. an 18. Mee a Portugal.