De Weekend gouf um Ardenne-Circuit zu Francorchamps déi 17. Editioun vum Spa Summer Classic gefuer.

D’Haaptcourse dëse Weekend waren d’Spa 3 Hours an net manner wéi fënnef Lëtzebuerger Equipagë waren um Depart.

An engem Qualifying, deen haaptsächlech aus enger Rei vu roude Fändele bestoung, ware véier vun de fënnef Lëtzebuerger Equipagen net dozou komm, eng ganz Ronn ze fueren. Den eenzegen Equipage, deen tatsächlech eng Ronn hikrut, war Vermast/Wilwert/Lübbert. Op hirem Lotus Elan #87 koume si op déi 24. Plaz ënner 46 Konkurrenten. Déi aner véier Teams ware ganz um Wupp vum Feld ze fannen. Den Donny Wagner huet mussen de Mustang vum DJAG Racing fréizäiteg ofstellen, well de Moteur waarm gelaf war. De Waasserkühler war verstoppt. Beim Bob Kellen war et nach méi schlëmm. De Moteur vu sengem Mustang huet no dräi Ronnen en ongewinnt Klappe vu sech ginn, an dat bei hirem fonkelneie Moteur. Also hunn d’Mechaniker vum Wengler Racing de V8 musse wiesselen. Den Ersatzmoteur hat schonn eng Partie Kilometeren um Bockel an huet mussen nei agestallt ginn.

Um Sonndeg beim Start ass et weidergaange wéi um Samschden. Eng ganz Rei Safety-Car-Phase stoungen um Programm an hunn d’Course zimmlech spannend gemaach. Et muss een awer soen, datt den Organisateur extrem op Sécherheet gaangen ass. Et goung awer direkt vum Depart un no vir fir d‘Lëtzebuerger.

D’Ekippe Feltus/Welter op hirem Alfa Romeo #160 hu sech vu Plaz 45 op 23 no vir geschafft. De Mustang Shelby #352 vu Konsbruck/Pichonnier koum vu Plaz 46 op déi 18. Plaz a Vermast/Wilwert/Lübbert op Lotus vun der 24. Plaz bis op déi 12. Si goufen och déi Zweet an hirer Klass.

E puer Ronne virun der Arrivée huet den Equipage Wagner/Linster/Dichter hire Mustang #33 musse mat engem geplatzten Uelegschlauch ofstellen.

An de Mustang mat der #64 vu Kellen/Munhowen/Schiltz huet direkt vum Start ewech eng fulminant Ophueljuegd gestart. Am éischte Stint huet de Yann Munhowen eng sëllegen Autoen iwwerholl. Wou de Max Schiltz sech hanner de Volant gesat huet, louch den Auto vum Wengler Racing schonn op der 13. Plaz. Am leschte Stint huet de Bob Kellen de Pony nach emol staark galoppéiere gelooss an um Enn koum eng fantastesch 8. Plaz am General eraus, si goufen och déi Zweet an hirer Klass.