Carlos Rivas verdeedegt mam Cup-Porsche vu Losch Plaz 2 an der PETN

© 48Losch Motorsport by Black Falcon
De 26. Abrëll gouf den zweete Laf vun der Nürburgring Langstrecken Serie gefuer, dat och nees mat Lëtzebuerger Bedeelegung.
D'Team 48Losch Motorsport by BLACK FALCON setzt jo an der Porsche Endurance Trophy Nürburgring (PETN) e Porsche 911 GT3 Cup an. D'selwecht wéi d'lescht Joer sëtzen hei déi zwee däitsch Piloten Tobias Müller an Noah Nagelsdiek um Auto. Nei am Team ass dëst Joer de Carlos Rivas, dee jo scho laang Jore mat Black Falcon Porsche Cup-Autoe fiert.
An der 1. Course vun der Saison war et um Enn déi 2. Plaz an der PETN a Plaz 14 am General.
De leschte Weekend gouf dann déi 2. Manche an der NLS gefuer. Am Qualifying haten d'Piloten um Auto mat der Startnummer 948 e bësse Pech. Et gouf ëmmer nees Accidenter op der Streck, wouduerch et hinnen net méiglech war, eng séier Zäit ze fueren. Um Enn war et Plaz 5 an der PETN-Klass an domadder keng optimal Startpositioun.

© 48Losch Motorsport by Black Falcon
De Carlos Rivas hat awer e gudde Start an d'Course a konnt sech mat engem souveräne Stint géint déi staark Konkurrenz behaapten. Den Noah Nagelsdiek an den Tobias Müller hunn d'Ophueljuegd weidergefouert, fir um Enn nach op déi 2. Plaz an der Klass no vir ze fueren. Am Generalklassement war et Plaz 11.

© 48Losch Motorsport by Black Falcon
Den Alexander Böhm, Teamchef vu Black Falcon, huet no der Course e positive Bilan gezunn. Op der Streck hat een e puer Mol Pech, an Code-60-Phasen ze geroden, wou een da vill Zäit verléiert. Heiansdo profitéiert ee vu sou luese Passagen op der Streck an heiansdo gëtt een onverschëld bestrooft. Iwwert eng ganz Saison relativéiert dëst sech normalerweis. No 4 Stonne Course konnt de Porsche 911 GT3 Cup awer ouni Schréipsen nees an de Camion geluede ginn an et verdeedegt ee Plaz 2 an der PETN-Wäertung.
Plaz 1: Mühlner Motorsport #921 mat 42 Punkten,
Plaz 2: 48Losch Motorsport by BLACK FALCON #948 mat 34 Punkten
Plaz 3: BLACK FALCON Team Zimmermann # 900 mat 26 Punkten
Nächste Rendez-vous ass de Weekend vum 9.-10. Mee bei der NLS3, wou nees 4 Stonne Course um Programm stinn.