De Weekend vum 26.-27. Abrëll war zu Portimão a Portugal den Optakt vun der International GT Open.

Hei geet dëst Joer de Lëtzebuerger Steve Jans nees un den Depart mam GetSpeed-Team. Gefuer gëtt op engem Mercedes AMG GT3 EVO a dat at der PROAM-Klass. Hien deelt sech de Cockpit mam Britt Aaron Walker.

Am Qualifying konnt de Steve Jans déi 11.-séierst Zäit fueren (1:41.273), wat gläichbedeitend mat Plaz 4 an der PROAM-Klass war. D'Beschtzäit an domadder d'Pole Position goung un en anere GetSpeed-Pilot, dat a Persoun vum Fabian Schiller (1:40.051). An der PROAM-Klass war et de Schwäizer Yannick Mettler op engem weidere Mercedes AM GT3, deen am séierste war. Him säi beschte Chrono stoung bei 1:40.854. Dat war duergaange fir Plaz 4 an der Startopstellung.

An der 1. Course, déi um Samschdeg gefuer gouf, konnt de Steve Jans no engem gudde Start seng Positioun halen. Duerch eng clever Strategie vun der GetSpeed-Ekipp, engem gudde Boxestopp an enger gudder Pace op der Streck, konnt den Auto mat der Startnummer 6 souguer zäitweis bis un d'Spëtzt an der Klass fueren.

RTL

No 39 Ronne war et schlussendlech Plaz 11 am Generalklassement a Plaz 3 an der PROAM-Klass. Deemno konnte Steve Jans an Aaron Walker hiren éischte Podium vun der Saison feieren.

RTL

D'Course gouf gewonne vun Dean Macdonald an James Kell op McLaren 720S GT3 EVO. Beschte PROAM-Ekipp war op Plaz 8 den Duo Valentin Pierburg/Dominik Baumann op Mercedes AMG GT3 EVO vun SPS Automotive Performance.

2. Course um Sonndeg

Konnt ee sech samschdes nach iwwert e gutt Resultat freeën, sou war et um Sonndeg éischter desastréis lassgaangen. Wéinst technesche Problemer um GetSpeed-Mercedes konnt keng konkurrenzfäeg Zäit am Qualifiying gefuer ginn, an et huet ee vun der allerleschter Plaz mussen an d'Course goen. Deemno stoungen 29 Autoe virum Aaron Walker an der Startopstellung. D'Konkurrenz an der PROAM war awer immens staark ënnerwee, a sou war et den Alex Fontan, deen um Porsche 911 GT3 R souguer bis op d'Pole Position gefuer ass. Och Plaz 2 am Qualifying goung un den PROAM-Pilot, dat a Persoun vum Dominik Baumann (Mercedes AMG GT3). Fir also an der Klass no vir ze fueren, war vu viru eran éischter onwarscheinlech.

RTL

Ma d'Course sollt weisen, wat fir e Potential an der Kombi "Steve Jans - Mercedes AMG GT3 EVO" stécht. De Lëtzebuerger konnt eng ganz Partie Piloten iwwerhuelen a konnt sech sou nach bis op Plaz 3 an der Klass no vir kämpfen. D'Freed sollt awer net vu laanger Dauer sinn, well et koum nach eng Strof dobäi, well ee sech net un d'Track Limits gehalen hat. Domadder fale Walker-Jans op Plaz 5 an der Klass zeréck.

Nächste Rendez-vous Spa

Trotz engem net optimale Start an d'Saison ass de Steve Jans awer positiv gestëmmt. D'Performance an de Speed am Verglach mat der Konkurrenz wier do. Elo heescht et just nach, et um Renn-Weekend perfekt zesummenzekréien. Déi nächst Geleeënheet, dat ze maachen ass de Weekend vum 18. Mee, wou zu Spa eng Laangstrecke-Course um Programm steet. Net manner wéi 500 Kilometer mussen hei gemeeschtert ginn. Fir de Steve Jans a GetSpeed zielt déi Course als Heem-Course an do wëlle si deemno optrompen.

Klassement International GT Open

No dem éischte Renn-Weekend leien de Steve Jans an den Aaron Walker op Plaz 3 an der PROAM-Klass, dat mat 10 Punkten aus zwou Courssen.

RTL