Vum 8.-10. Mee gëtt zu Spa am Kader vun der FIA World Endurance Championship gefuer. Héichpunkt ass d'6-Stonne-Course um Samschdeg.

Mat do um Depart sinn dëst Joer och zwee Ford Mustang GT3, agesat vu Proton Competition. Ford huet eng laang Geschicht am Laangstreckesport. Deene meeschte Motorsportfrënn dierft d'Entwécklung an den Asaz vum Ford GT40 e Begrëff sinn, mat deem déi amerikanesch Mark zanter 1966 véier mol hannerteneen zu Le Mans gewanne konnt.

Ma net nëmmen um Circuit ass Ford doheem... och am Dragster Racing, Drifting, Off Road, Rallye oder am Stock-Car, fir just dës ze nennen.

Fir déi nächst Jore stinn dann nach weider Erausfuerderungen um Programm. Sou gëtt Ford vum nächste Joer u Partner an der Formel 1 a beliwwert Red Bull mat Motoren.

2027 soll Ford dann an d'LMDh-Serie eraklammen (Le Mans Daytona Hybrid), dëst deemno an der Hyperklass. Hei kënnt et dann nees zum Duell mat Ferrari an et wëll een déi fënneft Gesamtvictoire zu Le Mans feieren. Gefuer gëtt dann och an der amerikanescher IMSA-Serie.

Dat ass awer alles nach Zukunftsmusek. Elo steet emol d'6-Stonne-Course zu Spa um Programm, wou Ford mat zwee Mustangen an der LMGT3-Kategorie untrëtt.

Am Virfeld vun där Course hat Ford op eng Pressekonferenz bei e Ford-Dealer zu Verviers an der Belsch invitéiert, wou dann och zwee Wierkspiloten de Journaliste Fro an Äntwert stoungen. Et waren dat de Ben Barker an den Dennis Olsen.

Den 33 Joer jonke Ben Barker kënnt aus Groussbritannien an hie sëtzt um Auto mat der Startnummer #77. Seng Motorsportkarriär ass mat 14 Joer ugaangen, wéi bei sou villen am Kartingsport. No Experienzen an der brittescher Formel Ford an der australescher Formel 3 huet et hien an den australesche Porsche Carrera Cup gezunn. Am Porsche huet hie sech wuelgefillt, well en huet dunn nees de Wee zeréck an Europa fonnt, fir mam Team Bleekemolen 2013 am Porsche Supercup ze starten. Dat Joer drop ass e bei Lechner Racing gewiesselt, en Team dat d'Lëtzebuerger jo och zimmlech gutt kennen. Den Dylan Pereira konnt mat Lechner de Porsche Supercup am Joer 2022 gewannen. 
De Ben Barker huet déi Joren drop vill Erfarung a verschiddene Serien uechter d'Welt gesammelt, sou zum Beispill an der European Le Mans Series oder bei den 12 Stonne vu Bathurst (Australien), wou hien 3 mol hannertenee seng Klass gewanne konnt. 
Zanter 2024 ass hie Wierksfuerer bei Ford a fiert hei an der WEC, der IMSA an an der NLS um Nürburgring, dëst um Ford Mustang GT3.

RTL

© Jeannot Boesen

Teamkolleeg bei Ford ass ënnert anerem den 29 Joer jonken Norweger Dennis Olsen. Dëse fiert am Auto mat der Startnummer #88. Den Dennis Olsen huet scho mat 6 Joer seng Léift fir de Kartingsport entdeckt a konnt hei och e sëllegen Titele gewannen. Säi Wee huet hien dunn an Italien an Däitschland gefouert, fir sech do mat deene Beschten ze moossen. Nom Karting war et de Sprong an de Formelsport, méi genee an d'Formel Renault 2.0, wou hien 2013 de gudden Drëtten am Schlussklassement vum Northern European Cup gouf. 
2016 ass den Olsen Porsche Wierksfuerer ginn a gouf do an de Junior-Programm mat opgeholl. Säi Wee huet hien och bei Lechner Racing gefouert, mat deenen hien 2017 de Porsche Carrera Cup Däitschland gewanne konnt. Zanter 2018 ass hien uechter d'Welt an ënnerschiddleche Serië gefuer, wéi der Blancpain GT World Challeng, der IMSA-Serie an den USA, de 24-Stonne vu Le Mans, der VLN/NLS an de GT Masters. 2019 konnt hien den International GT Challenge gewannen a feiert och eng Gesamtvictoire bei den 12 Stonne vu Bathurst op Porsche 911 GT3 R. 
No sou ville Joren op Porsche war et 2024 de Wiessel bei Proton Competition, wou hien zanterhier um Ford Mustang GT3 fiert. D'Saison 2025 huet dann och villverspriechend ugefaangen, well an der IMSA zu Daytona konnt hien d'GTD-Klass gewannen.

RTL

© Jeannot Boesen

Ënnerscheed vum 911 zum Mustang GT3

Nodeems béid jo laang Joren op Porsche gefuer sinn, war een natierlech och gespaant ze héieren, wéi si d'Differenz vum 911 zum Mustang gesinn. Positiv beim Mustang wier et, dass een dee méi einfach op déi verschidde Situatioune kéint astellen, souwuel bei méi engem straffe Setup, wéi och bei engem méi mëllen. Am Reen géif de Mustang sech exzellent fueren, dat duerch de laange Radstand, a well en net sou breet wéi de Porsche wier. Des weidere wier de Chassis méi elastesch beim Mustang. Seng Stäerkte gesinn Olsen a Barker da op der Riichter an a séiere Kéieren. Net sou frou wier de Mustang mat enke Kéieren, well en do mam héije Gewiicht ze kämpfen hätt. Et géif een awer och doru schaffen, fir dat ze verbesseren. Net sou frou ass de Mustang dann och mat héijen Temperaturen... den Opbau vum Auto géif eng effizient Killung net einfach maachen.

Fueren um Nürburgring a schlofen zu Le Mans

"One of a kind", sou bezeechne béid Wierkspiloten den Nürburgring. Hei misst een e grousst Häerz hunn, fir séier ze sinn. Hei wier dann och all Ronn wichteg, well bei all gefuerener Ronn géif een nees eppes bäiléieren. Wärend der 24-Stonne-Course um Ring wier ee geféierlechen Aspekt d'Differenz an der Vitess tëscht de GT3-Autoen, an déi méi klengen Autoen, déi do och dierfe matfueren. An hiren Aen wier deen Ënnerscheed einfach ze grouss an et misst ee sech immens konzentréieren, fir keen Accident ze hunn.

Wat hir Schlofgewunneschten ugeet, zum Beispill zu Le Mans, do sinn de Ben Barker an den Dennis Olsen dach ganz ënnerschiddlech. Den Dennis Olsen geet et duer, wann hien no engem Stint a sengem Wunnmobil kéint sinn an do einfach seng Rou hätt, dat nodeems en eppes Klenges giess huet.

De Ben Barker dogéint probéiert ëmmer sou séier wéi méiglech ze schlofen, hie géif dat einfach brauchen.

Ziler vu Barker an Olsen

Béid hunn op déi Fro net laang gezéckt an d'Klassevictoire bei der 24-Stonne-Course zu Le Mans genannt. Déi Course ass iwweregens vum 14. op de 15. Juni.

Do virdrun heescht et elo awer dëse Weekend zu Spa bei der 6-Stonne-Course e gutt Resultat ze maachen. D'Course an de belschen Ardenne gëllt als Generalprouf fir Le Mans.

Bei den zwou éischte Coursse vun der WEC-Saison 2025, dat am Katar an zu Imola an Italien, gouf et net vill ze huele fir Olsen a Barker. Den Dennis Olsen läit mam Ford Mustang GT3 #88 op Plaz 17 am Generalklassement vun der FIA Endurance Trophy fir LMGT3-Piloten, dat mat just 2 Punkten. Ee Punkt huet aktuell de Ben Barker, dee sech mat der 18. Plaz muss zefridde ginn.

Leader am Klassement sinn aktuell de Ben Keating, Daniel Juncadella an Jonny Edgar (Corvette) mat 44 Punkten, virun Arnold Robin a Finn Gehrsitz (Lexus) mat 33 Punkten a Grégoire Saucy, James Cottingham a Sébastien Baud (McLaren) mat 27 Punkten.

Zäitplang vun der Course zu Spa

Donneschdeg, 8. Mee
11.30 - 13.00 Auer: 1. fräien Training
16.30 - 18.00 Auer: 2. fräien Training

Freideg, 9. Mee
11.00 - 12.00 Auer: 3. fräien Training
14.40 - 15.15 Auer: Qualifying an Hyperpole LMGT3
15.25 - 16.00 Auer: Qualifying an Hyperpole Hypercar

Samschdeg, 10. Mee
14.00 - 20.00 Auer: Course