Chester Kieffer baut seng Avance am Rookie-Klassement aus
De leschte Weekend goufen zwou weider Manchë vum Porsche Carrera Cup Frankräich zu Dijon gefuer.
Et war keen einfache Weekend fir de Chester Kieffer. De Lëtzebuerger huet sech awer zweemol als beschte Rookie klasséiert.
De Pilot vu Schumacher CLRT huet nämlech wéinst den Examen de fräien Training verpasst an domat och d’Chance, fir säin Auto anzestellen. Dat huet de Chester Kieffer awer net dru gehënnert, fir an der Qualifikatioun säi Porsche 911 GT3 Cup op déi zwou éischte Plazen a punkto Rookie-Klassement ze stellen. Fir déi éischte Course ass hien als Zweete gestart a fir déi zweete Course vum Weekend konnt hien als séierste Rookie un den Depart goen.
Beim Start vun der éischter Course huet de Chester Kieffer et direkt fäerdeg bruecht, eng Plaz gutt ze maachen an huet duerno d’Avance op ee vu senge Konkurrenten, de Joran Leneutre aus Frankräich, Ronn fir Ronn ausgebaut. Um Enn ass de Chester Kieffer als Aachten an als beschte Rookie ukomm a konnt doduerch de Virsprong am Generalklassement vun de Rookien weider ausbauen. Déi éischte Manche vum Weekend gouf vum Mathys Jaubert gewonnen. Och wann de Fransous net als Gewënner iwwert de wäisse Stréch gefuer ass. Déi éischte Platz huet de Marcus Amand, dem Chester Kieffer säin Teamkolleeg, wéinst engem Feeler an der Startopstellung verluer. Drëtte gouf de Fransous Paul Cauhure.
An der zweeter Course ass de Chester Kieffer als Aachten iwwert de wäisse Stréch gefuer. Och wann de Lëtzebuerger eng Plaz am Verlaf vun der Course verluer huet, gouf den 18 Joer jonke Pilot nees beschte Rookie. De Fransous Mathys Jaubert huet och déi zweete Manche vum Weekend gewonnen, virum Finn Marcus Amand an dem Louis Perrot aus Frankräich.
Am Rookie-Klassement huet de Chester Kieffer elo 20 Punkten Avance op de Fransous Enzo Joulié. Am General steet hien no véier Courssen op der aachter Plaz.