Alex Palou léisst der Konkurrenz keng Chance

© Justin Casterline / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
De Spuenier dominéiert déi aktuell IndyCar-Saison a gewënnt och den Highlight vum Joer. Et ass seng éischt Victoire beim Indy 500.
Et ass déi gréisste Victoire, déi een am US-amerikanesche Motorsport ka feieren. Nodeems e sech schonn an den éischte véier Manchë vum Joer duerchsetze konnt, war et fir den Alex Palou e Sonndeg och d'Victoire beim Héichpunkt vun der Saison. Domat ass de Spuenier no sengen dräi Championstitelen elo endgülteg am IndyCar-Olymp ukomm.
Déi 109. Editioun vun de legendäre 500 Meile vun Indianapolis goung wéinst enger Reeschauer 36 Minutte méi spéit, ewéi geplangt, an d'Aféierungsronn. Do war et dann de Neiséilänner Scott McLaughlin, dee säin Auto scho beim Opwierme vun de Pneue wechgehäit huet, wat den Depart nach emol no hanne sollt réckelen. Eemol ënnerwee, koum et zu enger ganzer Partie Phasen ënner gielem Fändel. Mam groe Wieder bei net emol 20°Celsius hate vill Pilote Problemer mat de Bremsen. De Rinus Veekay sollt quasi ongebremst an d'Boxegaass geschoss kommen. Nëmmen duerch Chance gouf bei deem Incident kee blesséiert. Sensationell op Pole Position gefuer, war de Robert Schwarzman. Ma och fir de fréiere Ferrari-Formel-1-Testfuerer war et den Out no engem Crash beim Boxestopp. De McLaren-Pilot Kyle Larson huet sech no sengem Accident direkt mam Helikopter op de Wee a Richtung Charlotte gemaach, fir do nach un der NASCAR Course iwwer 600 Meilen deelzehuelen. Och do sollt en iwwregens ausfalen.
Den Alex Palou konnt sech déi ganzen Zäit am erweiderte Spëtzegrupp ophalen. Iwwer wäit Strecke war d'Course um sougenannte Brickyard gepräägt vun Taktike ronderëm de Spritverbrauch, an eréischt an der zweeter Hallschent vum Renne konnt e Rhythmus opkommen. Déi 350.000 Spectateure sollten zum Schluss een ongewéinlech laange Sprint vun 81 Ronnen ouni Ënnerbriechung erliewen. Déi verschidde Strategien haten den Ex-Formel-1-Pilot Marcus Ericsson an d'Spëtzefeld bruecht. 14 Ronne viru Schluss ass den Indy-500-Gewënner vun 2022 awer vum Alex Palou iwwerrascht an iwwerholl ginn. De Spuenier sollt seng éischte Plaz bis op d'Arrivée net méi ofginn.