De Pole-Setter Lando Norris op McLaren huet sech virum Charles Leclerc op Ferrari an deem anere McLaren-Pilot Oscar Piastri duerchgesat.

An der Formel 1 ass de Grousse Präis vu Monaco op den éischte Plazen esou ausgaangen, wéi d'Reiefolleg och schonn beim Depart ausgesinn huet. Déi Responsabel vun der Kinneksklass aus dem Automobilsport hu probéiert, mat enger Reegel just fir Monte Carlo, nämlech, datt et zwee obligatoresch Boxestoppen huet misse ginn, fir, fir méi Spannung ze suergen.

Den RTL Formel 1-Expert Dominique Riefstahl iwwert de Grand Prix zu Monaco

Et war e Versuch wäert, seet den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl:

"A fir déi richteg Freaks a Sesselstrategen huet et deelweis och geklappt. Mee fir d'Show am Allgemengen hunn déi nei Reegele letztendlech der Kaz kee Bockel gemaach. Respekt un d'Racing Bulls! Si haten de Courage als éischt ze probéieren, mat engem Auto d'Feld zréckzehalen, fir dass deen anere seng 2 Stopp kann absolvéieren ouni Plazen ze verléieren. Wéi kloer war, dass dat géing klappen, hu Williams an Haas dëst direkt kopéiert. Dat eleng sollt jidderengem gewisen hunn, wéi onschlobar de Leader zu Monaco ka sinn. Wann déi hanne 5-6 Sekonne pro Ronn méi lues kënne fueren an trotzdeem net iwwerholl ginn, brauch de Leader keng Reserven – an de Lando war u sech ni a Gefor virum Leclerc. Och Red Bull huet sech eng kleng Reverenz verdéngt: si hu bis zum Schluss d'Méiglechkeet opgehalen, am Fall vun engem roude Fändel nach kennen ze profitéieren. Si hunn ni opgehalen ze gleewen – an dat verdéngt Respekt. Mee eng Ecurie huet verschlof: Mercedes. A wann den Toto no der Course seet – 'mir hu vergiess un déi 2-Stopp-Reegel ze denken'– dat geet einfach net. Dat ass net just schwaach, mee feig. Als Teamchef soll een net seng Strategen ënnert de Bus geheien. 
Toto, du bass Shareholder, CEO an an all taktesch Entscheedung agebonnen – da stéi och dohannert a iwwerhuel d'Verantwortung, net nëmmen d'Dividenden."

Laang Zäit, fir iwwert dat Ganzt ze lamentéieren, huet ee bei Mercedes awer net. De Weekend geet et an der Formel 1 schonn direkt weider an dat mam Grousse Präis vu Spuenien zu Barcelona.

No 8 vun 24 Courssen ass de McLaren-Pilot Oscar Piastri nach ëmmer Leader am Weltmeeschterschaftsklassement mat 161 Punkten, lo just nach 3 Punkte viru sengem Equipier Lando Norris a 25 Punkte virum Max Verstappen op Red Bull.