Dylan Pereira a Carlos Rivas zesummen op Porsche 911 GT3 Cup

Dëse Mëttwoch ass d'Startlëscht vun der legendärer 24-Stonne-Course um Nürburgring verëffentlecht ginn, déi de Weekend vum 21.-22. Juni gefuer gëtt.
Mat op där Lëscht sinn och zwee Lëtzebuerger Piloten. Et sinn dat den Dylan Pereira an de Carlos Rivas. Allebéid fuere se um Porsche 911 GT3 Cup vum Team 48 LOSCH Motorsport by BLACK FALCON, mat der Startnummer #948.
Deemno bestätegt sech d'Informatioun, déi schonn am Mäerz dëst Joer ugedeit gi war. Tëschenzäitlech hat de Management vum Dylan Pereira nach emol drop higewisen, dass et zwar Gespréicher géif ginn, ma nach näischt ënnerschriwwe wier. Et wier een och nach a Gespréich mat aneren Teams, hat et deen Ament geheescht.
Elo mat der Verëffentlechung vun der Startlëscht ass deemno kloer, dass zwee Lëtzebuerger Piloten an engem Team untrieden, dat ënner Lëtzebuerger Fändel fiert.
Komplettéiert gëtt de Lineup vun den zwee däitsche Piloten Noah Nagelsdiek an Tobias Müller.
Untrieden dinn déi 4 Piloten an der Cup2-Kategorie a gehéieren do mat zu de Favoritten, och wann d'Konkurrenz dëst Joer nees ganz staark ass. Net manner wéi 11 Teams sinn an där Klass gemellt. An der lafender NLS-Saison steet den Auto vun 48 LOSCH Motorsport by BLACK FALCON no 3 Courssen op Plaz 2.
Alles an allem sinn 141 Teams op der Startlëscht fir d'Editioun 2025 vun der 24-Stonne-Course. Fir vill vun hinnen ass dëst mat zimmlechem Stress verbonnen, well de Weekend virdrun ass d'24-Stonne-Course vu Le Mans, an de Weekend duerno sinn et d'24-Stonne vu Spa.
Fir d'Frënn vun de Laangstreckecourssen ass de Juni deemno definitiv en Highlight vum Joer.