De leschte Weekend war d'Famill Weyland zu Rivanazzano an Italien op engem Dragster-Event um Depart, wou se d'Lëtzebuerger Faarwen héichgehalen hunn.

De Loris an de Yannis Weyland waren an der Kategorie "Junior Dragster" ageschriwwen, iwwerdeem hire Papp Sam Weyland an der Klass Pro ET gemellt war.

Normalerweis fiert de Sam Weyland an der "Super Comp"-Klass, ma well net genuch Pilote sech hei ugemellt haten, gouf déi net ausgeschriwwen. Fir dann awer net just als Zuschauer dobäi ze sinn, huet hien decidéiert säi VW Käfer aus dem Joer 1958 aus der Garage ze huelen. An dat ass net just einfach "ee Käfer", ma et ass den éischten, deen an Europa ëmgebaut gouf, fir Dragster-Courssen ze fueren, dëst am Joer 1974. Doduerch genéisst deen Auto an der Zeen e gewësse Kultstatus an d'Leit wëssen et ze schätzen, wann deen Auto, deen iwweregens op den Numm "S:t Moritz Express" gedeeft gouf, un enger Competitioun deelhëlt.

An der Klass Pro ET, an där de Sam Weyland ugetrueden ass, geet et och drëm déi gesaten Indexzäit sou genee wéi méiglech ze treffen, ouni se z'ënnerbidden. Déi muss tëscht 9,0 an 11,99 Sekonne leien. Well et sou waarm war, hat de Käfer net genuch Leeschtung fir an déi Regiounen ze kommen. Mat enger Beschtzäit vun 12,20 Sekonne war et um Enn Plaz 17 vun 30 an der Qualifikatioun. No der éischter Eliminatiounsronn war dunn awer Schluss.

RTL

Gutt an de Weekend gestart war de Yannis Weyland, deen direkt säi Rhythmus fonnt hat an a Féierung konnt goen. De Loris Weyland dogéint huet e bësse méi laang gebraucht, ma och him ass et vu Laf zu Laf besser gaangen.

RTL

De Yannis hat um Enn eng sensationell Reaktiounszäit vun 0,03 Sekonnen, wouduerch hie sech Plaz 1 konnt sécheren. Fir de Loris ass et ganz knapp net duergaangen. Hie koum op Plaz 4, dat mat enger Reaktiounszäit vun 0,08 Sekonnen. An der Junior-Klass geet et drëm déi beschte Reaktiounszäit ze hunn.

RTL

Laang Zäit sech z'erhuelen huet d'Famill Weyland net, well schonn den 21.-22. Juni geet et weider, déi Kéier nees zu Clastres a Frankräich.