Dominant Victoire fir de Marc Marquez

© AFP
De Podium komplettéieren den Alex Marquez an de Francesco Bagnaia.
E Sonndeg stoung bei der MotoGP de Grousse Präis vun Aragon um Programm.
Vun Ufank un war um Sonndeg de Mëtteg kee Kraut géint de Marc Marquez gewuess. De Spuenier vum Ducati Lenovo Team huet eng schnellst Ronn no där anerer op de Ciruit zu Aragon geluecht a gewënnt um Enn no 23 Ronnen souverän viru sengem Brudder Alex Marquez. Domat dominéiere Marquez-Bridder weiderhin de MotoGP Zirkus. Béid Fuerer leien och am WM-Klassement un der Spëtzt. Hei leit de Marc Marquez mat 233 Punkten 32 Punkte viru sengem Brudder a schonn 93 Punkte virum Francesco Bagnaia.
An der Moto2 huet de Deniz Öncü seng éischt Course gewonnen. Den Tierk louch an der Schlussphase laang Zäit a Féierung, éier hien den Diogo Moreira 1 Ronn viru Schluss konnt iwwerhuelen. Bis an déi leschte Kéier huet et esou ausgesinn, wéi wann den Diogo Moreira als Gewënner aus der Course eraus geet. Den Öncü sollt op de leschte Meteren awer nach emol un de Moreira eru saugen a gewënnt schlussendlech an enger dramatescher Schlussphase dach nach am Fotofinish d'Course zu Aragon.
An der Moto3 ass et änlech dramatesch virgaange wéi an der Moto2. De Maximo Quiles louch bis déi leschte Kéier un der Spëtzt, éier den David Munoz vum Intact-GP sech dach nach d'Victoire konnt sécheren. Déi leschte Victoire huet den David Munoz virun iwwer 3 Joer konnte feieren.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1. Marc Marquez (Ducati Lenevo Team) 41:11.195
2. Alex Marquez (Gresini Racing MotoGP) +1.107
3. Francesco Bagnaia ((Ducati Lenevo Team)) +2.029
Moto2
1. Deniz Öncü (AJO Motorsport) 35:12.600
2. Diogo Moreira (Italtrans Racing Team) +0.003
3. Barry Baltus (Fantic Racing Lino Sonego) +1.949
Moto3
1. David Munoz (Intact GP) 33'33.745
2. Maximo Quiles (Aspar Team) +0.050
3. Alvaro Carpe (Red Bull KTM) +0.381
De General
MotoGP
1. Marc Marquez (Ducati Lenevo Team) 233 Punkten
2. Alex Marquez (Gresini Racing MotoGP) 201 Punkten
3. Francesco Bagnaia ((Ducati Lenevo Team)) 140 Punkten
Moto2
1. Manuel Gonzalez (Intact GP) 118 Punkten
2. Aron Canet 118 (Fantic Racing) 118 Punkten
3. Diogo Moreira (Italtrans Racing Team) 90 Punkten
Moto3
1. José Antonio Rueda (Red Bull KTM) 149 Punkten
2. Angel Piqueras (Frinsa-MSI) 97 Punkten
3. Joel Kelso (Levelup-MTA) 86 Punkten