Nei Autoen, nei Reegelen, nei Ekippen an en neie Circuit versprieche fir 2026 eng spannend Formel-1-Saison. 24 Coursse wäerte gefuer ginn.

D'FIA an d'Formel 1 hunn de Kalenner fir déi nächst Saison virgestallt. Och 2026 wäerte 24 Grand Prixe gefuer ginn, déi elo awer besser openeen ofgestëmmt goufen, sou dass dat ganzt Material méi effikass ronderëm d'Welt transportéiert ka ginn an de Kalenner bësse méi lëfteg ginn ass.

Éischten Deel vun der Saison

Lass geet et den 8. Mäerz an Australien, d'Woch drop fuere se zu Shanghai an Enn Mäerz zu Suzuka a Japan. Vun do geet et am Abrëll op déi zwou arabesch Courssen am Bahrain an a Saudi-Arabien. En éischten Ausfluch op den amerikanesche Kontinent ass et Ufank Mee mam Grand Prix vu Miami an da geet et weider mam Klassiker zu Montreal. Eréischt duerno wäert de Formel-1-Zirkus an Europa opschloen.

Ufank Juni fuere se zu Monte Carlo, d'Woch drop zu Barcelona (offiziellen Numm nach net bekannt) an Enn des Mounts zu Spielberg an Éisträich. Nees eng Woch méi spéit ass Silverstone geplangt, éier et Mëtt Juli de Grand Prix vun der Belsch zu Spa-Francorchamps ass. D'Woch drop geet et no der Course an Ungarn an d'Summerpaus.

Zweeten Deel vun der Saison

Dono si nach 3 weider Rendez-vousen an Europa virgesinn. Den 23. August zu Zandvoort an Holland, Ufank September zu Monza an d'Woch drop ass den neie Grand Prix vu Madrid virgesinn, op engem ganz neie Stad-Circuit. Erausgeflunn ass dofir Imola. Enn des Mounts geet et mat der Course zu Baku am Aserbaidschan rëm e Richtung Osten. Mëtt Oktober ass de Grand Prix vu Singapur ugesat.

Eng zweete Kéier op den amerikanesche Kontinent geet et, wann et Enn Oktober bannent enger Woch d'Statiounen zu Austin an zu Mexiko-City sinn. Den éischten Triple-Header vun der Saison gëtt komplettéiert vum Grand Prix vu Brasilien, iert et zwou Wochen duerno nach op Las Vegas geet. Direkt déi zwee uschléissend Weekender sinn déi zwee lescht Optrëtter vun der F1-Saison 2026 a Qatar an an de Vereenegten Arabeschen Emirater zu Abu Dhai geplangt. Fir den Ofschloss vun enger laanger Saison, wa jidderee midd ass, also nach en Triple-Header.

Vun der neier Saison u wäert en neit technescht Reglement gëllen an d'Autoe wäerte mat 100% nohaltegem Sprit fueren. Donieft wäerte mat Audi, Cadillac a Ford nei Nimm un den Depart goen. RTL wäert och 2026 all d'Coursse live fir Iech op der Tëlee iwwerdroen. Kuckt hei d'F1-Säit op rtl.lu.