Dikrecher Autosmusée beschäftegt sech mam GP vu Lëtzebuerg
Vum Neiduerf erop op de Findel, zréck op Kalchesbréck an erëm erof an Neiduerf. Dat war d'Streck vum Grousse Präis vu Lëtzebuerg.
Mat dëser Thematik beschäftegt sech den Dikrecher Autosmusée, deen zanter 2019 en neit Konzept huet. De Patrimoine soll méi an d'Vitrinn gestallt ginn.
D‘Nadia Klasen, Historikerin a Coordinatrice vum Dikrecher Autosmusée: "Mir hunn eis iwwerluecht, wat fir Sujeten an der Automobilsgeschicht och zu Lëtzebuerg e Patrimoine hunn an do si mer dunn eeben op de Grand Prix de Luxembourg zréckkomm, deen déi éischte Kéier 1939 nach als Grand Prix du Centenaire gefuer ginn ass an du si mer eeben op d'Sich gaangen no engem Auto, deen och déi Course matgefuer war.“
An dësen Auto ass déi grouss Attraktioun vun dëser Ausstellung, déi Enn des Joers fir de Public soll accessibel sinn. De Cooper 500Mk5 mam brittesche Pilot Alan Brown huet net nëmmen um Grand Prix am Joer 1951 deelgeholl, mee dësen och gewonnen.
D'Nadia Klasen ass op alle Fall zefridden, dass den Dikrecher Autosmusée esou e wäertvolle Schatz u Land gezunn huet: "Et ass een Auto, deen eng richteg Geschicht an och de richtege Lien mat Lëtzebuerg huet. Et war einfach Zoufall, dass mir dësen Auto fonnt hunn. En plus och nach grad deen, de Gewënnerauto vum Alan Brown. Ech mengen dat ass ee risegen Zoufall, wann een esou een Auto fënnt."