Véiertplacéierte Ferrari nodréiglech disqualifizéiert

© AFP
De Ferrari #50 huet géint zwee Artikele vum technesche Reglement vun der WEC an och géint en Zousaz-Reglement fir d'24 Stonne vu Le Mans verstouss.
E Méindeg goufen déi bescht véier Autoen, déi bei der 24 Stonne Course vu Le Mans am Asaz waren, nokontrolléiert. De véiertplacéierte Ferrari vun de Fuerer Antonio Fuoco, Miguel Molina an Nicklas Nielsen huet de Belaaschtungstest vum hënneschte Spoiler net bestanen a gouf doropshin disqualifizéiert, well dëse sech méi wäit wéi déi erlaabte 15 Millimeter gebéit huet. Deemno réckelt de Cadillac mat der Startnummer 12 op Plaz 4 no vir, op deem Stevens, Nato a Lynn gefuer sinn.
Bei der technescher Nokontroll gouf festgestallt, dass véier Schrauwe vun der zentraler Halterung vum hënneschte Spoiler gefeelt hunn. Sou konnt dësen sech iwwer déi 15 erlaabte Millimeter bis zu 52 Millimeter wäit béien. De Ferrari #50 hat an der 380. vu den am ganzen 387 Ronne seng héchste Vitess erreecht. Laut Ferrari wier dat awer am Wandschied vum Schwëster-Auto geschitt, an net wéinst dem irreguläre Spoiler. Beim leschte Boxestopp war zwar engem Mecanicien opgefall, dass eng Schrauf géing feelen. Dorop war awer net reagéiert ginn, well dat kee Sécherheetsrisiko duergestallt hätt. De Verloscht vun den aneren dräi Schrauwen an de leschte 37 Minutte vun der Course hätten hinne kee Virdeel bruecht, esou Ferrari an engem Statement. Si weise sech iwwerrascht vun der Decisioun, bekräftegen awer gläichzäiteg hiert Vertrauen an d'Fäegkeeten an d'Integritéit vun de Sportskommissären.
Den LMP1-Ferrari vun de Gewënner Phil Hanson, Robert Kubica an Yifei Ye, wéi och de Porsche op Plaz 2 an den drëttplacéierte Ferrari hunn den Test bestanen. Och an de Klassen LMP2 an LMGT3 goufen déi jeeweils dräi beschtplacéiert Gefierer iwwerpréift. Hei goufe keng Verstéiss konstatéiert.