Dëse Freideg a Samschdeg gëtt de Rallye Lëtzebuerg gefuer. De selektive Parcours geet iwwer 4 nei Speciallen, déi alleguer 3x wäerte gefuer ginn.

Virschau op de Rallye Lëtzebuerg

Zentrum vum Rallye ass Housen. Déi véier nei Specialle féieren duerch aacht verschidde Gemengen am Éislek. Nei, nieft dem Tracé, ass och de Fait, dass d'Organisateuren dëst Joer verstäerkt op Parcourse setzen, déi wéi e Circuit ugeluecht sinn. Esou kréien d'Spectateuren op enger Speciale direkt puermol d'Geleeënheet, d'Gefierer hautno z'erliewen.

Den Timing

E Freideg gëtt vu 16.00 Auer bis 20.00 Auer de Shakedown gefuer. Do hunn déi 53 ageschriwwen Equipagen d'Geleeënheet, hiert Gefier ofzestëmmen, a gläichzäiteg aner Leit matfueren ze loosse wéi de Kopilot.

E Samschdeg stinn 12 Speciallen um Programm, déi d'Piloten iwwer 135,9 Kilometer wäert féieren. Um 8.00 Auer fiert deen éischten Auto zu Housen vum Podium. Déi véier verschidden Tracéë wäerte jeeweils dräi Mol ze bewältege sinn. Géint 18 Auer wäert déi lescht Arrivée sinn. D'Liaisoun agerechent, féiert de ganze Rallye Lëtzebuerg iwwer 290,41 Kilometer.

D'Participanten

53 Equipagë sinn ugemellt, aus deene fënnef Porsche 911 ervirstiechen. Zwee dovu sinn nei GT3-Autoen (992 Rally GT), déi de Moment fir eng FIA-Homologatioun an der RGT-Klass entwéckelt ginn. Dobäi kommen zwee Porsche 991 GT3 Cup aus Frankräich. De Ghislain Barbier, dee bis elo 15 Rallyë gewanne konnt, wäert versichen, de fënneffache Rallye-Lëtzebuerg-Gewënner Marijan Griebel ënner Drock ze setzen, deen och dëst Joer nees mat engem Skoda Fabia Rally2 RS wäert um Depart sinn. Zu de Favoritten dierft och de lokalen Duo Ronny Foxius/Luc Arend zielen. Och net z'ënnerschätzen dierft de Belsch Tom Rensonnet sinn, deen a sengem nationale Championnat beandrockend Leeschtungen ofliwwert.

Um Lafende bleiwen

Den Timing an d'Resultater kënne live op rallye.lu suivéiert ginn. Weider reegelméisseg Updatë ginn et op de Facebook- an Instagramsäite vum Rallye Lëtzebuerg.