De Schweed huet sech um Enn mat enger Avance vun iwwer 25 Sekonne virum Ott Tänak duerch. Den Thierry Neuville koum op déi 3. Plaz.

Bei der nächster Manche vun der Rallye-WM konnt sech den Oliver Solberg duerchsetzen. Et war déi éischt Victoire fir de Schweed a gläichzäiteg den 100. Succès fir Toyota an der WRC-Geschicht. Den Ott Tänak am Hyundai koum op déi 2. Plaz. Den aktuelle Weltmeeschter Thierry Neuville koum mat engem Retard vun iwwer 48 Sekonnen op déi 3. Plaz. De Lëtzebuerger Grégoire Munster gouf den 10.. No 20 Duerchgäng hat hien e Retard vu knapp 6 Minutten.

Am General huet den Tänak d'Féierung virum Elfyn Evans iwwerholl, deen um Weekend just de 6. gouf. De Munster läit hei och op der 10. Plaz.