Vum 25.-27. Juli gouf a Spuenien déi 41. Editioun vun der "Baja Aragon" gefuer, dat och mat Lëtzebuerger Bedeelegung.

De Charles Munster ass mam Loris Pascaud an der Challenger T3-Kategorie ugetrueden an hat et hei ënnert anerem mam dräifache Le-Mans-Gewënner André Lotterer ze dinn. Um Enn ass et awer de jonke Lëtzebuerger, dee sech duerchsetze konnt. Plaz 3 goung un den Duo Pau Navarro / Jan Rosa.

Et war eréischt dem Charles Munster säin drëtten Depart am Cross-Country-Rallye a säin éischten Asaz um Taurus T3 Max. Am Generalklassement war et Plaz 14.

D'Gesamtvictoire goung vun de Joao Ferreira an de Filipe Palmeiro op Toyota Hilux IMT EVO. Si haten um Enn just 2 Sekonne Virsprong op den Nasser Al Attiyah a Fabian Lurquin um Dacia Sandrider. Et war dat knappste Resultat an der Geschicht vun der Baja Aragon. Den Nani Roma an den Alex Haro komme mat hirem Ford Raptor T1+ op Plaz 3.