Dominique Riefstahl: "Brasilien ass Samba nieft an op der Streck"
© AFP
Véier Coursse viru Schluss kommen an der Formel-1 mat Lando Norris, Oscar Piastri an Max Verstappen nach dräi Piloten a Fro, fir Weltmeeschter ze ginn.
Lo steet a Brasilien nees e Sprint-Weekend um Programm. Um legendäre Circuit vun Interlagos zu São Paulo kéint nees d'Stonn vum véierfache Weltmeeschter Max Verstappen schloen.
Et ass op jiddwer Fall Reen zu São Paulo gemellt. Wéini genee muss da wuel virun all Seance, virun allem e Samschdeg virun der Qualifikatioun an e Sonndeg virum Grand Prix gekuckt ginn. Virun engem Joer hat d'Qualifikatioun vu samschdes wéinst dem vill Reen souguer missten op de Sonndeg verluecht ginn. Et war iwwregens déi sechste Kéier an der Geschicht vun der Formel-1-Weltmeeschterschaft, datt d'Qualifikatioun um nämmlechten Dag war wéi d'Course. D'Meteo kéint dem Max Verstappen zousätzlech an d'Kaarte spillen, den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl.
"Den Dräikampf ëm de Championnat ass komplett oppen. Et ass nach schlecht Wieder gemellt fir dëse Weekend. Ganz kloer eppes, wat Musek an den Ouere sollt si vun all Max Verstappen-Fan, virun allem der Masterclass, déi hien 2024 zu Sao Paulo gehalen huet. Gläichzäiteg, Lando Norris huet vläicht och nei Motivatioun fonnt doranner, dass hien d'Championnat leet. A gläichzäiteg kann een och soen, den Oscar Piastri huet eventuell vläicht selwer och eng gewëssen Erliichterung, elo net méi deen Drock ze hunn, den Éischten ze sinn am Championnat an einfach sech nëmmen nach ëm sech selwer mussen ze konzentréieren."
Zanter der leschter Course, dem grousse Präis vu Mexico City, ass de Lando Norris op McLaren am Weltmeeschterschaftsklassement jo nees vir, ee Punkt viru sengem Equipier Oscar Piastri a 36 viru Max Verstappen. Beim leschte Sprint-Weekend zu Austin an den USA hat den Hollänner op Red Bull 23 Punkten op den deemolege WM-Leader Piastri opgeholl. Et gëtt op jiddwer Fall interessant um Autodromo José Carlos Pace:
"Interlagos ass u sech ee Circuit, deen effizient Autoen am Renntrim favoriséiert. Dat heescht, an der Course en effizienten Auto ze hunn, ass dat Bescht, wat ee kann hunn. Am Qualifying kann een awer duerchaus e bësse méi Flillek op den Auto drop paken, well alleguer déi Riicht mat DRS gefuer ginn. Elo hänkt et e bëssen dovunner of, wéi d'Ecurien hir Prioritéite setzen an hire Simulatiounen, Quali oder Renngeschéihen."
Brasilien ass Samba nieft der Streck, awer net nëmmen, seet den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl:
"Och op der Streck. Interlagos ass e Circuit, deen een enorme Flow verlaangt. Et ass en Circuit, dee vum Layout hir elauter Kéieren huet, déi ganz douce anenee fléissen an et muss ee wuertwiertlech mam Auto ronderëm danzen a vun där enger Kéier an déi aner eriwwer bréngen. Den Auto brauch Prezisioun, fir kënnen den Apex richteg ze treffen an awer och Stabilitéit, fir net um Enn vun der Ronn seng Pneue komplett iwwerhëtzt ze hunn. Erëm eng Kéier ass en effizienten Auto verlaangt. Et ass héijen Top Speed op der laanger Riichter an awer Appui am Mëttelfeld gebraucht."
Beim Reechaos vun zejoert gouf et zu Interlagos en onerwaarte Podium. Nieft dem Max Verstappen op Red Bull koumen déi zwee Alpine-Piloten Esteban Ocon a Pierre Gasly op de Plazen zwee an dräi. Ob naass oder dréchen, et gëtt sécherlech nees en hëtzegen Danz zu Sao Paulo.
Um Sprint-Weekend geet et e Freideg den Owend um 19.30 Auer scho mat der Sprint-Qualifikatioun lass. Den Depart vum Grousse Präis vu São Paulo ass e Sonndeg den Owend um 18 Auer, de Virprogramm op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee an online op RTL Play fänkt schonn um 17.15 Auer un.