Franco Colapinto fiert och 2026 Joer fir Alpine
© YURI CORTEZ / AFP
Obwuel en dëst Joer nach kee Punkt markéiere konnt, krut den Argentinier vu senger Ecurie d'Vertrauen ausgeschwat fir déi nächst Saison.
Virum Grousse Präis vu Sao Paulo a Brasilien huet d'Formel 1 Ecurie Alpine hir Pilote fir déi nächst Saison confirméiert. Et bleift beim Duo Pierre Gasly a Franco Colapinto. Wären de Fransous réischt viru Kuerzem e längere Kontrakt ënnerschriwwen hat, war dem Argentinier säi Verbleif bei Alpine net sou sécher.
Genee wéi säi Virgänger Jack Doohan, deen no sechs Coursse vum Colapinto ersat gi war, konnt dëse bis ewell awer nach net an d'Punkte fueren. Dass hien awer elo beim Grand-Prix a Südamerika bestätegt gëtt, dierft keen Zoufall sinn. De Communiqué vun Alpine goung iwwregens um 10.43 Auer eraus. De Gasly fiert mat der Startnummer 10, de Colapinto mat der 43.
Den Teamchef Flavio Briatore sot dozou, hie wier dovun iwwerzeegt, de Franco hätt déi richteg Eegeschaften an de Potenzial fir e Spëtzepilot ze ginn, dee mam Team wuesse kann. D'Engagement fir 2026 wier e staarkt Zeeche fir hiert gemeinsaamt Engagement. De Pilot huet der Ecurie Merci gesot fir d'Vertrauen a freet sech op d'Zukunft.
Domat sinn nach 3 Plazen net confirméiert fir déi nächst Saison. Dat sinn déi zwee Cockpitte bei Racing Bulls an den zweeten Auto bei Red Bull.