Um Freideg huet d'FLBB de Kader vun der Dammennationalekipp fir déi éischt Phas vun der EM-Qualifikatioun matgedeelt.

De Kader an der Iwwersiicht: 
Coulon Kyra (Basket Esch)
Etute Isi (UCLA, USA)
Fuglsang Sofie (Herner TC, Däitschland)
Irthum Liz (Klosterneuburg, Éisträich)
Krings Alana (T71 Diddeleng)
Madjo Dionne (Flammes Carolo, Frankräich)
Mangen Julie (Amicale Steesel)
Meynadier Magaly (Saarlouis, Däitschland)
Mreches Catherine (T71 Diddeleng)
Nürenberg Svenia (T71 Diddeleng)
Schalbar Lena (T71 Diddeleng)
Schumacher Laetitia (Basket Flames, Éisträich)
Simon Anne (Magnolia Campobasso, Italien)

Net mat dobäi sinn ënner anerem d'Ehis Etute (Oregon Ducks, USA) an d'Isa Hämäläinen (Colorado, USA). Dofir wäert déi jonk Schwëster vum Ehis, d'Isi Etute, an de Matcher géint Irland, Israel a Bosnien Herzegowina dobäi sinn. Dës Matcher gi vum 12. bis den 18. November gespillt.

Den däitschen Head-Coach Patrick Unger geet a seng éischte Matcher mat der FLBB-Selektioun, nodeems hien de Poste vum Mariusz Dziurdzia iwwerholl hat. Den Trainerstaff gëtt komplettéiert vum Liz Schmitz an der US-Amerikanerin Sidney Parsons, déi och an der WNBA als Assistenztrainerin aktiv ass. Virun e puer Méint hat Lëtzebuerg d'Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2025 knapp verpasst, bei der nächster Editioun 2027 wëll d'FLBB-Selektioun mat dobäi sinn.