Am nationale Futtball stoung e Freideg den Owend déi éischt 16tels-Finall an der Coupe de Luxembourg um Programm.

Zu Déifferdeng stounge sech hei de Progrès Nidderkuer an d'Escher Jeunesse géigeniwwer. No engem zéien 0:0 no den éischte 45 Minutten, war et an der 68. Minutt de Kenan Avdusinovic, deen Nidderkuer erléisen an den 1:0 markéiere konnt. Bei deem Score sollt et dunn och bleiwen.

E Sonndeg geet et weider an der Coupe, ënnert anerem treffen den F91 Diddeleng a Biissen openeen an et kënnt zum Duell tëschent dem FC Déifferdeng an der Union Titus Péiteng.