Sprint-Pole fir de Lando Norris
© NELSON ALMEIDA / AFP
E Samschden Nomëtte gëtt de 5. Sprint vun der Saison gefuer. De WM-Leader start vun der Pole. Den Oscar Piastri gouf deen Drëtten, P6 fir de M. Verstappen.
An enger Zäit vun 1.09.243 konnt sech de Lando Norris d'Pole Position fir de Sprint vum Grousse Präis vu São Paulo sécheren. Mat engem Réckstand vu 97 Dausendstel fiert de Mercedes-Pilot Kimi Antonelli op Plaz zwee. Op déi drëtt Startplaz kënnt den Oscar Piastri am zweete McLaren.
Véierten an der Startopstellung vum Sprint ass den George Russell um zweete Mercedes. Hannert him klasséiert sech iwwerraschend de Fernando Alonso, deen et grad esou an den SQ3 gepackt hat wéi säin Teamkolleeg Lance Stroll, deen déi aacht Zäit gefuer ass. Tëscht den Aston-Martin-Piloten ass et een enttäuschte Weltmeeschter Max Verstappen op der Sechs. D'Top Ten gëtt komplettéiert vum Ferrari-Pilot Charles Leclerc, vum Isack Hadjar um Racing Bulls a vum Niko Hülkenberg um Sauber.
De Sprint gëtt e Samschdeg am Nomëtteg um 15.00 Auer Lëtzebuerger Zäit gefuer a gëtt live op RTL ZWEE an RTL Play iwwerdroen. Méi spéit um 19.00 Auer ass dann de Qualifying fir de Grousse Präis vun São Paulo. Depart vun der Course ass e Sonndeg um 18.00 Auer.
Am SQ1 goufen de Franco Colapinto (Alpine), de Liam Lawson (Racing Bulls), de Yuki Tsunoda (Red Bull), den Esteban Ocon (Haas) an de Carlos Sainz (Williams) eliminéiert.
Nom SQ2 war Schluss fir de siwefache Weltmeeschter Lewis Hamilton. Hie konnt sech a sengem leschte Versuch net méi verbesseren, well ausgerechent säi Ferrari-Teamkolleeg Charles Leclerc duerch en Dréier fir e giele Fändel gesuergt hat. Well den Hamilton genee dëse Fändel soll iwwersinn hunn, krut hien nom Qualifying nach e Rendez-vous bei de Rennkommissären. Och Feierowend haten den Alex Albon (Williams), de Pierre Gasly (Alpine), de Gabriel Bortoleto (Sauber) an den Oliver Bearman (Haas).