Lando Norris baut Avance op Piastri aus
© AFP
Beim Sprint am brasilianeschen Interlagos konnt de Britt virum Antonelli an dem Russell eng Victoire feieren. Fir den Oscar Piastri gouf et keng Punkten
No 24 Ronnen am Sprint vum Grousse Präiss vu Brasilien louch de Lando Norris op der éischter Plaz. Hie konnt sech virun de Mercedes-Pilote Kimi Antonelli an George Russell behaapten. De Max Verstappen mécht als Véierte weider Punkten op den Oscar Piastri gutt, well den Australier de karéierte Fändel net gesinn huet. De Charles Leclerc konnt no laangem Kampf laanscht de Fernando Alonso zéien a gouf Fënneften. Déi lescht Punkte kruten de Lewis Hamilton an de Pierre Gasly.
Domat kann de Lando Norris seng Féierung an der Fuererwäertung op den Oscar Piastri op 9 Punkten ausbauen an de Max Verstappen mécht weider Punkten op den Australier gutt. Fir de Piastri wëll et zënter dem Grand Prix vun Aserbaidjan net méi lafen.
De Circuit vun Interlagos war beim Start nach deelweis naass vum Reen aus de Stonne virdrun. Dat sollt am weidere Verlaf nach wichteg ginn.
Am sechsten Tour gouf et dräi Sortië bannent kuerzer Zäit op der selwechter Plaz. Am Senna-S, direkt no der Sartlinn, sinn den Oscar Piastri, de Franco Colapinto an den Nico Hülkenberg am Ausgang op de glëtschege Kerbs ausgerëtscht an hunn d'Ofspärunge getéckt. Doropshin huet d'Rennleedung d'Course duerch e Roude Fändel ënnerbrach.
Dës Ënnerbriechung huet knapp 20 Minutte gedauert an et goung mat engem fléiende Start nees lass. Do konnt sech de Lewis Hamilton, dee vun der 11. Positioun an de Sprint gaange war, e puer Plazen no vir schaffen. An de leschten dräi Tier koum den Antonelli dem Norris nach eng Kéier geféierlech no, mee de Britt konnt seng Positioun bis zum Schluss verdeedegen. Ganz um Enn gouf et nach e schwéiere Crash vum Bortoleto.
Et war de fënneften an zweetleschte Sprint vun der Saison. De leschte gëtt Enn November a Katar gefuer. Den Owend kënnt Dir ab 19 Auer de Qualifying fir de Grousse Präis vu Brasilien op RTL Zwee an op RTL.lu suivéieren.