Inge Van der Heijden nei Europameeschterin
© AFP
Bei den Dammen, den U23-Hären an de Juniorinne goufen déi éischt Titele scho verdeelt. De Lennox Papi gëtt bei den U23 de 37.
Bei de Cyclocross-Europameeschterschaften am belsche Middelkerke kroopt sech d'Hollännerin Inge Van der Heijden hiren éischten Titel bei den Dammen. Sëlwer goung un hir Landsfra Lucinda Brand an d'Aniek Van Alphen huet den hollännesche Podium komplettéiert. Et war keng Lëtzebuergerin um Depart.
D'Van der Heijden ass eng kontrolléiert Course gefuer a louch quasi iwwer déi komplett Distanz a Féierung. Dozou hunn hir zwou Beschtzäiten am éischten an zweeten Tour bäigedroen, woumat si d'Konkurrenz wéi Sara Casasola a Lucinda Brand hannert sech loosse konnt. Am zweetleschten Tour koum et zu engem Crash vun der Sara Casasola, déi zu deem Moment 40 Sekonnen hannert der Van der Heijden op der zweeter Plaz louch. Dat huet d'Italieenerin eng Podiumsplaz kascht a si gouf um Enn déi Véiert.
Rekordg-Europameeschterin bleift weiderhin d'Hollännerin Daphny Van den Brand mat 4 Titelen. Vun den aktive Fuererinnen ass d'Fem Van Empel mat 3 Titelen am noosten drun.
Jugendkategorien
E Samschdeg waren och d'U23-Hären am Asaz. Hei gouf et eng Victoire fir den eréischt 18 Joer alen Italieener Mattia Agostinacchio. Hie konnt sech mat e puer Sekonnen Avance op den Hollänner David Haverdings (+ 0:17) an de Belsch Kay De Bruyckere (+ 0:20) duerchsetzen. Aus Lëtzebuerger Siicht war de Lennox Papi hei um Depart. Hie gouf um Enn als 37. mat engem Retard vun 6'05'' gewäert.
Och de Juniorinne goufen d'Titele verdeelt. D'Barbora Bukovska aus Tschechien dierf sech Europameeschterin nennen. Sëlwer war fir d'Nynke Jochems aus Holland a Bronze goung un d'Italieenerin Nicole Azzetti.
Klassement Dammen
1 VAN DER HEIJDEN Inge 50:19
2 BRAND Lucinda 0:41
3 VAN ALPHEN Aniek 0:56
4 CASASOLA Sara 2:03
5 FOUQUENET Amandine 2:14
Klassement U23-Hären
1 AGOSTINACCHIO Mattia 53:15
2 HAVERDINGS David 0:17
3 DE BRUYCKERE Kay 0:20
4 DEBORD Romain ''
5 JEZEK Vaclav 0:23
...
37 PAPI Lennox 6:05