Am Kampf ëm den Titel kënnt et an der Finall a Saudi-Arabien zu engem spannenden Triell tëscht Ogier, Evans a Rovanperä ëm d'Meeschterkroun.

Am Fernen Osten huet de Sébastien Ogier op Toyota seng 6. Victoire an dëser Saison gefeiert. De Fransous hat no 20 Epreuven eng knapp Avance vun 11,6 Sekonnen op säi Konkurrent a Toyota-Coequipier Elfyn Evans. De Sami Pajari gouf mat groussem Ofstand (+ 2:16) Drëtten. Domat war de Podium komplett an Toyota-Hand, wat och de Konstrukteurstitel bedeit huet. Et war déi insgesamt 67. Victoire fir den Ogier a senger Rallye-Karriär.

Den Ott Tänak (+ 3:18) huet sech als Véierte placéiert, dat virum Lëtzebuerger Grégoire Munster. De Ford-Pilot konnt domat säi bescht Resultat an der WRC-Rallye egaliséieren. De Kalle Rovanperä gouf Sechsten, huet domat awer keng gutt Ausgangspositioun am Kampf ëm de Meeschtertitel. Déi huet weiderhin den Elfyn Evans. De Waliser huet awer just nach 3 Punkten Avance op de Sébastien Ogier. De Kalle Rovanperä huet 24 Punkte Réckstand.

D'Finall gëtt vum 25. bis den 29. November a Saudi-Arabien gefuer.

Den Ott Tänak huet ugekënnegt, dass hien no dëser Saison seng Karriär als Vollzäit-Rallye-Pilot op en Enn brénge wäert. Domat ass den Est, deen zënter 2009 mat Ënnerbriechungen am Rallye-Zirkus ënnerwee war, nieft dem Kalle Rovanperä den zweeten Top-Pilot, deen Äddi seet.