Et war déi zweet Victoire an dëser Saison fir den Italieener. Den Alex Marquez an de Pedro Acosta hunn de Podium komplettéiert.

No 25 Ronnen um Circuit zu Portimao a Portugal duerft sech de Marco Bezzecchi iwwer eng weider Victoire an dëser Saison freeën. Den Italieener war als Éischten an d'Course gaangen an huet dës Positioun net ofginn. Den Alex Marquez, dee vu Positioun 5 gestart war, konnt sech bannent e puer Ronnen no vir schaffen, den Tempo vum Bezzecchi awer net matgoen. Well de Pedro Acosta Drëtte gouf, stoungen déi dräi selwecht Piloten um Podium wéi am Sprint e Samschdeg. Do hat sech den Alex Marquez knapp géint de Pedro Acosta an de Marco Bezzecchi behaapt. De Fermin Aldeguer gouf op senger Ducati Véierten, dat virum Brad Binder op KTM an dem Fabio Quartararo.

Am Generalklassement sinn déi zwou éischt Positioune schonn zënter Woche verginn. De Marc Marquez, dee wéinst enger Blessur un der Hand zënter 3 Coursse feelt, ass mat 545 Punkten net méi anzehuelen. Säi Brudder Alex huet de Vizemeeschtertitel och scho sécher. De Bezzecchi huet mat senger Victoire déi drëtt Plaz sou gutt wéi sécher. HIe läit 35 Punkte virum Francesco Bagnaia, deen zu Portimao duerch eng Chute ausgefall ass, an et ginn nach 37 Punkten ze verdeelen.

An der Moto2 huet den Diogo Moreira seng fënneft Victoire an dëser Saison gefeiert a geet domat als Éischten am General an déi lescht Course. De Brasilianer konnt sech ganz knapp virum Collin Veijer behaapten. Den David Alonso huet den Aron Canet an de Barry Baltus hannert sech gelooss. De Manuel Gonzalez huet als Sechste wichteg Punkten am Kampf ëm d'Meeschterkroun leie gelooss an huet virun der leschter Course e Réckstand vu 24 Punkten op de Moreira.

Als lescht Kategorie gouf d'Moto3 op de Circuit geschéckt. Hei duerft sech de Maximo Quiles iwwer eng kloer Victoire vum Angel Piqueras (+ 1,663) an dem Taiyo Furusato (+ 2,886) freeën. An der leschter Course kënnt et zum Duell ëm de Vizemeeschtertitel tëscht dem Quiles an dem Piqueras.

Déi lescht Course steet den nächste Weekend am spuenesche Valencia um Programm.

Um RTL Play fannt Dir d'Coursse vun der MotoGP, der Moto2 an der Moto3 fir eng begrenzt Zäit am Replay.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1 Marco Bezzecchi 41'13,616
2 Alex Marquez +2,583
3 Pedro Acosta +3,188
4 Fermin Aldeguer +12,860
5 Brad Binder +16,327

Moto2

1 Diogo Moreira 35'40,573
2 C Veijer +0,090
3 D Alonso +0,492
4 Aaron Canet +0,500
5 B Baltus +5,214

Moto3

1 Maximo Quiles 34:05,182
2 Angel Piqueras +1,663
3 Taiyo Furusato +2,886
4 Joel Esteban +3,243
5 Alvaro Carpe +3,537

De General

MotoGP

1 Marc Marquez 545
2 Alex Marquez 445
3 Marco Bezzecchi 323
4 Francesco Bagnaia 288
5 Pedro Acosta 285

Moto2

1 Diogo Moreira 281
2 Manuel Gonzalez 257
3 Barry Baltus 232
4 Aron Canet 226
5 Jake Dixon 215

Moto3

1 J Antonio Rueda 365
2 Angel Piqueras 271
3 Maximo Quiles 263
4 David Munoz 197
5 Alvaro Carpe 195