Lando Norris mécht e grousse Schratt Richtung WM-Titel
© AFP
Et war e perfekte Weekend fir de McLaren-Pilot a Brasilien. De 25 Joer jonke Britt huet souwuel d'Sprint-Course, wéi och de Grand-Prix gewonnen.
3 Coursse viru Schluss huet de Leader am Weltmeeschterschaftsklassement lo 24 Punkten Avance op säin Equipier Oscar Piastri an 49 Punkten op de Max Verstappen op Red Bull. Am Ganze bleiwen nach 83 Punkten ze verdeelen. Fir den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl ass de Lando Norris awer eréischt Weltmeeschter, wann et mathematesch sécher ass.
"De Lando Norris huet eng ganz kloer Optioun geholl op de Weltmeeschtertitel. Hie muss elo nach just zolidd an net onbedéngt perfekt Performancen ofliwweren, da kënnt den Titel automatesch bei hien. Gläichzäiteg en Oscar Piastri, e Max Verstappen, si sech bewosst, si hunn näischt ze verléieren, si kënnen op volle Risiko, op voll Attack goen an all Weekend einfach probéieren, alles erauszehuelen, wat kënnt. Dann ass et net ausgeschloss, datt och d'Saache sech nach eng Kéier kënnen zu hirer Gonschte wenden. Et däerf een net vergiessen, d'Saison ass laang. D'Leit si midd, d'Autoe sinn zum Deel midd. Et ass keen immun dogéint, datt villäicht e Feeler passéiert, sief et elo mënschlech oder mechanesch. Da kann déi Saach sech och ganz séier erëm dréien."
Déi nächst Course ass an zwou Wochen de grousse Präis vu Las Vegas an den USA.