An der Moto2 huet sech den Diogo Moreira de Meeschtertitel geséchert. An der MotoGP an der Moto3 stoungen d'Weltmeeschter scho méi laang fest.

Och wann de Marc Marquez schonn zënter 7 Courssen als Weltmeeschter feststoung an déi lescht véier Coursse wéinst enger Blessur net méi matgefuer ass, war et eng spannend Finall vun der MotoGP zu Valencia.

De Marco Bezzecchi goung vun der Pole Position an déi lescht Course vun der Saison an huet dës Positioun bis zum Schluss net ofginn. Et war dem Italieener seng zweet Victoire hannerteneen an déi drëtt an dëser Saison. Säi Coequipier Fernandez hat trotz zwee Feeler vum Bezzecchi keng Chance, an de leschte Ronnen nach laanscht hien ze zéien. Hannendrun hu sech den Di Giannantonio an den Acosta e spannenden Duell ëm Plaz 3 geliwwert. Den Italieener konnt de Spuenier zwou Ronne viru Schluss iwwerhuelen an esou op de Podium fueren. Den Aldeguer gouf Fënneften an huet sech virum neie Vizeweltmeeschter Alex Marquez behaapt.

Den Diogo Moreira huet sech als éischte Brasilianer an de Palmarès vun der Moto2 agedroen. Den 21 Joer jonke Pilot gouf bei der Finall vum Championnat zu Valencia zwar just den Eeleften, mee dat goung duer, fir seng Avance op de Manuel Gonzalez ze verdeedegen. De Spuenier koum als 22. mat enger Ronn manner an d'Zil. Mat dësem Resultat war fréi kloer, dass hie keng Chance méi op de Meeschtertitel hätt. De Gonzalez louch am General laang vir, och opgrond vu senge Victoiren am Ufank vun der Saison, muss sech elo awer mat der zweeter Plaz zefridde ginn. De Moreira wäert an der nächster Saison an der MotoGP fir d'Ekipp LCR-Honda fueren.

Déi lescht Course um Circuit Ricardo Tormo zu Valencia gouf vum Izan Guevara virum Daniel Holgado an dem Ivan Ortola gewonnen, woumat dräi Spuenier um Podium stoungen.

An der Moto3 gouf et eng knapp Victoire vum Mexikaner Adrian Fernandez virum Alvaro Carpe an dem Taiyo Furusato. Och hei ass de Weltmeeschter José Antonio Rueda wéinst enger Blessur zënter e puer Courssen net méi un den Depart gaangen, mee déi éischt Plaz war him zënter Wochen net méi ze huelen.

Um RTL Play fannt Dir d'Coursse vun der MotoGP, der Moto2 an der Moto3 fir eng begrenzt Zäit am Replay.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1 Marco Bezzecchi 40:52,485
2 Raul Fernandez +0,686
3 Fabio Di Giannantonio +3,765
4 Pedro Acosta +4,749
5 Firmin Aldeguer +8,048

Moto2

1 Izan Guevara 34:19,229
2 Daniel Holgado +0,717
3 Ivan Ortola +2,327
4 Collin Veijer +2,888
5 Filip Salac + 5,714

Moto3

1 Adrian Fernandez 32:48,909
2 Alvaro Carpe +0,286
3 Taiyo Furusato 
4 Guido Pini +0,397
5 Maximo Quiles +0,448

De General

MotoGP

1 Marc Marquez 545
2 Alex Marquez 467
3 Marco Bezzecchi 353
4 Pedro Acosta 307
5 Francesco Bagnaia 288

Moto2

1 Diogo Moreira 286
2 Manuel Gonzalez 257
3 Barry Baltus 232
4 Aron Canet 227
5 Jake Dixon 224

Moto3

1 José Antonio Rueda 365
2 Angel Piqueras 281
3 Maximo Quiles 274
4 Alvaro Carpe 215
5 David Munoz 197