"Vun 2030 u wëlle mir ëm d'WM matfueren"
© Audi AG
D'Mark mat de véier Réng huet zu München den Design vu sengem Formel 1 Auto fir 2026 presentéiert, an éiergäizeg Ziler ausginn.
Schonn 2022, wéi d'Iwwernam vum Sauber-Team offiziell confirméiert gi war, hat Audi eng Design-Etüd fir d'Formel 1 virgestallt. Dräi Joer méi spéit gouf elo en Auto devoiléiert, dee mat dem deemolege Prototyp näischt méi gemeinsam huet. Neien Design, nei Faarwen, neit Konzept. Mä och dëse virgestallten Auto wäert wuel, bis op d'Schema vun de Faarwen, näischt mam reelle Formel-1-Auto vun der nächster Saison ze dinn hunn.
Audi betount, dass déi zukünfteg Philosophie vun hirem Design vun enger konsequenter Kloerheet gepräägt soll sinn, an de Formel-1-Projet wier de Virreider vun enger neier Identitéit fir d'Mark mat de véier Réng. D'Faarf vum viischten Deel vum Auto bezeechent Audi als "Titan", déi eng gewësse waarm Eleganz vermëttele soll, an an Zukunft eng wichteg Roll géing spillen am ganzen Haus. Déi visuell Identitéit vum F1-Team baséiert op de véier Prinzippien, no deenen hiren neien Design konzipéiert ass: kloer, technesch, intelligent an emotional.
Um Auto waren nach keng Logoe vun de Sponsoren ze gesinn. Déi komme réischt drop, wann de richtege Won am Januar wäert presentéiert ginn. Revolut, Adidas a BP goufen als Partner confirméiert.
Éiergäizeg Pläng
Den Audi-CEO Gernot Döllner huet kloer gestallt, dass si gewanne wëllen. Gläichzäiteg wéisste si awer och, dass een net iwwer Nuecht zum Topteam gëtt. An awer, vun 2030 u wéilt een ëm den Titel kämpfen. Formel 1 wier Emotioun pur. Gläichzäiteg sti fir den däitsche Premium-Konstrukteur awer och rational Grënn hannert dem Projet. Finanziell Nohaltegkeet duerch d'Deckele vun de Käschten, a gläichzäiteg global Reechwäit duerch eng onvergläichlech Visibilitéit, virun allem op hire wichtegste Mäert an den USA, Europa a China.
© Audi AG
Fir den Teamchef Mattia Binotto ass et ee vun de spannendste Projeten am Motorsport, wann net souguer am ganze Sportberäich. Hien huet dräi Etappen ausginn: ufänken als Erausfuerderer mam Zil ze wuessen, sech zu engem Géigner mausere mat éischte Succèsen, a vun 2030 un ëm den Titel kämpfen.
Den neien Auto wier komplett opgebaut a géif scho getest ginn, sou de Binotto um Rand vun der Presentatioun, just de Motor géif nach feelen. Virum Enn vum Joer soll en awer déi éischte Kéier gestart ginn. Audi gesäit et als technesche Virdeel, Chassis an Undriff selwer ze bauen, och wann dat eng héichkomplex Aufgab wier.













