Zanter e Freideg a bis e Sonndeg den Owend 19 Auer dréit sech an der Luxexpo alles ronderëm séier Autoen a Motorrieder.

An direkt e puer Hale kommen d'Frënn vu staarke Motoen op hir Käschten. Fir vill Animatioun ass och bausse ronderëm d'Hale gesuergt. De ganze Weekend ass zum Beispill den Dylan Pereira bei der International Motorshow present. Mam Lëtzebuerger Sportler kann ee sech ënnerhalen, Fotoe maachen an eng Autogrammkaart froen.
 
Um éischten Dag war och den Thierry Neuville am Asaz. De belsche Rallye-Weltmeeschter vun 2024 huet de Spectateuren eng flott Show gebueden. 
 
Zanter iwwer 20 Joer gëtt all zwee Joer dëst Evenement um Kierchbierg an den Ausstellungshalen organiséiert. 200 Aussteller sinn dëst Joer dobäi an iwwer 35.000 Visiteure gi sech erwaart.

Op ass e Samschdeg nach bis owes 20 Auer an e Sonndeg vu moies 10 bis owes 19 Auer.