
Beim zéngte Grand Prix vun der Saison huet den Ai Ogura seng gutt Performance aus dem Sprint e Samschdeg confirméiert an duerft sech iwwer seng éischt Victoire an der MotoGP freeën. Et war déi éischt japanesch Victoire zënter dem Makoto Tamada am Joer 2004 - dotëscht louche 7952 Deeg. Säi Coequipier Raul Fernandez koum mat knapp 2 Sekonne Réckstand an d'Zil an de Jorge Martin gouf Drëtten. De Spuenier huet mat dësem Resultat wéinst dem fréien Aus vum WM-Leader Marco Bezzecchi d'Féierung am WM-Klassement iwwerholl.
De Fabio Di Giannantonio huet de Marc an den Alex Marquez an de leschte Ronnen iwwerholl a konnt sech nach déi véiert Plaz sécheren. Zwou Ronne viru Schluss musst den Italieener wéinst enger Situatioun mam Marc Marquez eng Long Lap fueren an hat dës Positiounen un d'Marquez-Bridder verluer. De Marc Marquez gouf wéinst Verloosse vun der Streck nodréiglech bestrooft a krut seng sechst Plaz ewechgeholl. Schlussendlech gëtt hien als Siwente am Klassement geféiert. De Pedro Acosta (Véierten am Klassement) musst an der 13. Ronn wéinst physesche Problemer opginn. Hie krut seng Hand net méi gedréint a konnt d'Gaspedall an d'Brems net méi richteg gräifen.
An der Moto2 war et eng ganz spannend Course, mee um Enn konnt sech den David Alonso knapp géint de Manuel Gonzalez an de Senna Agius behaapten. Tëscht dem Gewënner am dem WM-Éischte louchen op der Zillinn just 0,024 Sekonnen. Den Australier Agius hat och just 0,234 Sekonne Réckstand. Den Izan Guevara verléiert als Véierte vun der Course weider Buedem op de WM-Leader Gonzalez.
Méi däitlech, wann och knapp, war et an der Moto3 am Kampf ëm déi éischt Plaz. De Maximo Quiles konnt seng sechst Victoire an dëser Saison feieren a baut seng Féierung am WM-Klassement weider aus. Dat och, well säi gréisste Rival, den Alvaro Carpe, an der 15. Ronn ausgefall war an domat keng Punkte geraf huet. De Quiles hat eng hallef Sekonn Virsprong op den David Almansa, fir deen et den drëtte Podium dës Saison war. De Marco Morelli huet de Podium komplettéiert. Mam Valentin Perrone stoung och den zweeten Argentinier an den Topp 5 vun dëser Course.
A klengen Texter d'Resultater vun der MotoGP, Moto2 a Moto3 erausschreiwen.
1 Ai Ogura 40:21,90
2 Raul Fernandez + 2,004
3 Jorge Martin + 3,512
4 Fabio Di Giannantonio + 9,315
5 Alex Marquez + 10,140
https://www.motogp.com/de/Results+Statistics/2021/NED/Moto2/RAC/World+Standing
1 David Alonso 35:33,175
2 ManuelGonzalez + 0;024
3 Senna Agius + 0,234
4 Izan Guevara + 2,795
5 Ivan Ortola + 4,355
1 M Quiles 33:51,801
2 D Almansa + 0,513
3 Marco Morelli + 2,433
4 Valentin Perrone + 2,551
5 J Rios + 2,921
1 Jorge Martin 193
2 Marco Bezzecchi 186
3 Fabio Di Giannantonio 177
4 Ai Ogura 168
5 Marc Marquez 153
1 Manuel Gonzalez 185,5
2 Izan Guevara 128
3 Senna Agius 123
4 David Alonso 116
5 Celestino Vietti 109
1 Maximo Quiles 211
2 Alvaro Carpe 121
3 David Almansa 109
4 Brian Uriarte 102
5 Marco Morelli 102