Tunnel GrouftBis de Kollektivcongé misst de Verkéier nees normal lafen

Jeannot Ries
Leit déi méi dacks op der Nordstrooss am Tunnel Grouft ënnerwee sinn, musse Gedold hunn.
Bis de Kollektivcongé misst de Verkéier nees normal lafen
Zanter Méint gëtt am Tunnel Grouft op der A7 geschafft.

Zanter elo engem hallwe Joer ass schonn d'Iwwerhuelspuer a béid Richtunge gespaart an d'Vitess op 70 Stonnekilometer limitéiert. Grond ass eng Materialermiddung un den 32 Ventilatoren um Plaffong vum Tunnel. Déi nei Probelleren, op d'Mooss gemaach,  goufen elo endlech geliwwert. D'Aarbechten hunn dës Woch ugefaangen.

"Mir hate jo Problemer, dass mer hei kleng Mikrofissuren, also Materialermiddungen haten, op de Ventilator. An dofir gi prioritär elo d'Lafrieder, also d'Probelleren, vun de Ventilator getosch. Mir profitéieren awer och dervun, dass mer, wa mer d'Ventilator schonn ënnen hunn, anengems déi grouss Revisioun vum Motor maachen. Dat heescht, d'Motore ginn opgemaach a mir wiesselen d'Kugellager bannendran an alleguerten déi Uelegfett-Leitunge ginn da mat gewiesselt," esou de Christian Ewert. Techneschen Tunnel Manger bei de Ponts et Chaussées.
 
Brëmsstëbs, Carbon monoxide, Salz, an dann och nach Mikrofissuren. Déi iwwer 100 Kilo schwéier Probeller, och Schauffel genannt, hu wärend de leschten 10 Joer gelidden. An der Koppel ginn d'Ventilatoren elo 6 Deeg op 7 an zwou Schichten nees op Trapp bruecht.

Déi aktuell Temperature maachen et de Mataarbechter vun den zwou Firmaen aus England an hei vu Lëtzebuerg net méi einfach. E Freideg huet d'Hëtzt, d'Axe esou deforméiert, datt déi vir d'éischt huet misse gekillt ginn, iert d'Schauffel opgesat konnt ginn.

"Den Haaptgrond firwat, dass d'Ventilatoren do sinn, ass am Fong an engem Brandfall. Dass mer Damp kënnen evakuéieren. Wou se awer och benotzt ginn ass, fir Sanitär-Lëftung ze maachen. Dat heescht, wann en Auto mat engem futtisse Katalysator derduerch fiert, a mir hunn Damp dran, da gëtt dat gemooss. Mir moossen eng Sichtprüfung an CO-Wäert an da sprangen zwee oder véier Ventilatoren an deem Fall un, fir eeben déi Pollutioun erauszekréien."
 
Zanter 2015, wou deen 2.966 Meter laangen Tunnel Grouft fir de Verkéier op goung, gouf et 5 Bränn.

"Nodeems mer e Ventilator, Daagsiwwer elo gewaacht hunn an e prett ass, fir opzehänken, hänke mer en Owes op. D'Monteuren ginn hin a fixéieren op deem existente Chassis. An da ginn duerno nach eng Kéier Vibratiounstester gemaach. Wou mer an dräi Achsen nach eng Kéier d'Vibratioun um Ventilator testen. D'Richtung vun der Lafrichtung gëtt eng Kéier getest an da kann ee Ventilator am Fong fir gutt geheescht ginn an an de Betrib normal goen, " eou de Christian Ewert.
 

Gefrot ass Prezisiounsaarbecht

Fir deen eng Tonn schwéiere Ventilator un de Fixatiounen um Plaffong festzemaachen, ass Fangerspëtzegefill néideg. An Tëschenzäit sinn de Mann ënnen am Telehandler, an déi zwee Aarbechter uewen der Nacelle ënnert dem Plaffong en agespillten Team. Jiddwer Nuecht ginn zwee Ventilatoren opgehaangen an der och nees zwee erofgeholl. Den Ament gëtt am Tube Direktioun Norde geschafft.
Leeft alles no Plang, ass den Tunnel nees bis de Kollektivcongé normal fir de Verkéier op. Wat déi 33.000 Automobilisten, déi all Dag passéieren, freeën dierft. A leschter Zäit stounge si hei dacks am Stau. Bis dohin ass awer vu méindes bis samschdes an dat an der Nuecht weider Gedold gefrot. Well bis dohinner weideer ëmmer eng Richtung gespaart gëtt, bis all d'Ventilatoren ersat sinn.

Back to Top
CIM LOGO