
Beim Red-Bull-Heemspill zu Spielberg an Éisträich konnt den George Russell vu Merceces sech d'Pole Position sécheren. De Britt geet e Sonndeg virun de Ferrari-Coequipieren Leclerc an Hamilton un den Depart. Op déi 4. Plaz huet et dem Russell säin Teamkolleeg Kimi Antonelli gepackt.
De Max Verstappen huet sech op senger leschter Ronn am Q3 gedréint a mat dëser Sortie ee giele Fändel ausgeléist. Zu deem Moment hat de Charles Leclerc déi séierste Ronnenzäit, wärend béid Mercedes-Piloten nach hannert dem Hollänner waren. Den George Russell ass seng Ronn awer trotz gielem Fändel nach op en Enn gefuer an huet eng besser Zäit wéi de Leclerc realiséiert, déi no kuerzer Ongewëssheet confirméiert gouf. Säi Coequipier Antonelli huet sech wéinst dem giele Fändel awer net méi verbessert.
Trotz Crash an der leschter Ronn huet de Verstappen et op Plaz 5 gepackt, dat virun de McLaren-Piloten Norris a Piastri. Den Hadjar vu Red Bull geet vu Plaz 8 un den Depart, d'Startrei 5 ass fir d'Racing-Bulls-Piloten Lawson a Lindblad.
Nom Q1 war Feierowend fir d'Pilote vun Aston Martin, Cadillac a Williams. De Stroll an den Alonso (Aston Martin) starten aus der leschter Startrei, virun hinnen d'Cadillac-Coequpieren Bottas a Perez an d'Williams-Fuerer Albon a Sainz.
Nom Q2 war du Schluss fir den Alpine-Duo Gasly a Colapinto, souwéi fir béid Haas-Piloten Ocon a Bearman. Och de Bortoleto an den Hülkenberg, Coequipieren bei Audi, hunn den Auto mussen ofstellen. De véierfache Weltmeeschter Verstappen hat de Sprong an de Q3 als 10. mat just 4 Honnertstel Avance op de Gasly gepackt.
D'Course kënnt Dir e Sonndeg vu 14:20 Auer u live op RTL ZWEE an RTL Play suivéieren. Den Depart zu Spielberg ass um 15:00 Auer.