
Drëtt Course, drëtte Rookie-Podium fir den Chester Kieffer (Schumacher CLRT) am Porsche Supercup. De Lëtzebuerger, fir deen et déi éischt Saison am Porsche Supercup ass, ass zu Spielberg an Éisträich op déi 7. Plaz am General gefuer a war deen zweetbeschte Rookie hannert dem Andrea Bristot. De Kieffer war vu Plaz 6 an d'Course gaangen.
D'Victoire zu Spielberg huet sech de Robert de Haan vum Team BWT Lechner Racing geséchert. D'Plazen 2 an 3 ware fir de Flynt Schuring (Schumacher CLRT) an den Keagan Masters (Proton Competition).
D'Course kënnt Dir um RTL Play siwen Deeg laang am Replay kucken.
Déi nächst Manche vum Porsche Supercup ass am Kader vum Grousse Präis vun der Belsch an der Formel 1. D'Course zu Spa-Francorchamps gëtt de Weekend vum 19. Juli gefuer.