
Zu Spielberg si spannend Coursse quasi garantéiert. Nëmme 4,3 Kilometer, nëmmen 10 Kéieren, een Tour dauert nëmmen e bësse méi wéi eng Minutt. De Red-Bull-Ring ass ee kuerzen, awer intensive Pleséier. Et ass ee richtegen Old-School-Circuit, matzen an de Bierger. Och de RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl hält net op mat Schwäermen. Et ass eng Streck, op där vun allem dran ass, an déi vill Iwwerhuelméiglechkeete bitt:
“Laang Riichter, wou Motorleeschtung wichteg ass. E kräftege Bremspunkt um Enn vun der Ligne erméiglecht awer Iwwerhuelen an Attacken. Déi Riicht kommen alleguer noeneen. Dat heescht, och do ass Attack a Conter-Attack duerchaus méiglech. Da vun de Kéieren hir, do ass och erëm alles dobäi: lues Vitessen, mëttel Vitessen, héich Vitessen. Et ginn awer och Kéieren, déi sech an d’Kéier eraleeën. Do si verschidde Fuerlinne méiglech, wat de Pilote Fräiheete gëtt, strategesch dës Kéier ze notze fir eng Attack ze lancéiere respektiv ofzewieren."
Et ass och eng Streck, op där traditionell vill geschitt, a wou een de Verlaf vun der Course net wierklech viraussoe kann. Och de Bléck an d'Statistik hëlleft net wierklech, fir virum Weekend ee klore Favorit erauszepicken. Déi lescht véier Joer hu véier verschidden Ecurië gewonnen: McLaren (Norris 2025), Mercedes (Russell 2024), Red Bull (Verstappen 2023) a Ferrari (Leclerc 2022).
Trotz Podium zu Barcelona riskéiert McLaren am Moment e bëssen, den Uschloss ze verléieren. Red Bull huet fir dat grousst Heemspill um eegene Circuit ee groussen Update dobäi. Mercedes muss een ëmmer op de Rechnung hunn, och wann hir Avance net méi esou iwwerleeën ausgesäit. A Ferrari? Do huet den Hamilton no senger éischter Victoire Blutt geleckt. An déi Rout krute jo en Joker fir hire Verbrenner-Motor ze verbesseren, a Ferrari léist deen Joker schonn dëse Weekend an.
“5 bis 8 Päerd, dat si ronn 2 Prozent Leeschtung. Dat klengt no net vill. Mee et ass awer genuch, fir dass een op der Riichter duerchaus ee Wiessel am Kräfteverhältnis tëschent Mercedes a Ferrari kéint gesinn, dat esouwuel am Qualifying, wéi an der Course. An dat mécht déi Saach natierlech spannend”.
Donieft krut Mercedes virum Weekend déi schlecht Nouvelle, dass hiren Diffusor net ganz de Reegelen entsprécht an zeréckgebaut muss ginn. Awer och de Motor ass bei der Mark mam Stär ee grousst Thema. Esouwuel déi eegen Ecurie, mee och d'Cliente wéi McLaren haten déi lescht Coursse vill Ausfäll ze bekloen. De Problem am Beräich vun der Batterie gouf wuel identifizéiert, éischt Léisungen ëmgesat.
Déi aner Suerg bei Mercedes bleift den Zweekampf tëschent den eegene Piloten. Zu Barcelona huet Mercedes d'Victoire och verschenkt, well Russell an Antonelli ze vill matenee gekämpft hunn. Well et mam Hamilton elo ee seriöen Titelkonkurrent gëtt, ka Mercedes sech esou Spillereien net méi erlaben. Eng Teamstrategie zugonschte vum Antonelli kéint awer fir schlecht Stëmmung an der Ekipp suergen. Deen eenzegen Trouscht: déi Rout si mat Hamilton a Leclerc an enger ganz änlecher Situatioun.
Net nëmmen den Duell tëschent Mercedes a Ferrari, mee och déi teamintern Rivalitéite wäerten zu Spielberg fir genuch Spannung a vläicht och Spannunge suergen...
Circuite vun der aler Schoul, gepräägt duerch den natierleche Kader, an deem se leien, bleiwen einfach déi, déi am meeschte Spaass maachen. An dofir ass den Éisträichring (jo, berufflech Deformatioun, ech kréien et einfach net fäerdeg, e mam Numm vum Gedrénksproduzent ze nennen) e Circuit mat richtegem Charakter.
Mee en ass och brutal usprochsvoll. D’Kerbs baussent de Kéiere ginn hei deelweis mat vill méi héijer Vitesse geholl wéi op villen anere Strecken. Dat suergt fir staark Schwéngungen a setzt d’Suspensioun massiv ënner Belaaschtung an déi kann do schonn emol opginn.
Dat selwecht gëllt fir déi giel “Zoossiss-Kerbs” um Ausgang vun de méi luese Kéieren. D’Konscht ass et, sech grad genuch drop ofzestëtzen, fir d’Traktioun ze verbesseren, ouni awer ze wäit erop ze klammen an de Kontakt mam Buedem ze verléieren.
Och d’Héicht iwwer dem Mieresspigel mécht den Ingenieuren d’Liewe schwéier. Scho bei 32 oder 33 Grad gëtt Éisträich eng richteg Erausfuerderung, wat d’Killung ugeet. Déi e bësse méi dënn Alpin-Loft hëlleft do nämlech net. A wann dann nach eng Canicule mat Temperaturen an den héijen 30er dobäikënnt, kéinte mer séier un d’absolut Limitte vun de Systemer kommen.
Et däerf een net vergiessen: d’Formel 1 fiert zwar dacks am Wüsteklima, mee meeschtens zu méi killen Zäiten am Joer an owes. Hei si mer am Héichsummer, mëttes, bei voller Sonn. Pneuen, Autoen, Mecanicienen a Piloten – si wäerten all op d’Prouf gestallt ginn.
