
Als Sechste gestart, war de Lëtzebuerger Chester Kieffer ugangs bis op Plaz 8 zréckgefall an hannert dem Leader am Championnat Theo Oeverhaus um Enn och op där Positioun iwwer d'Arrivée gefuer ass. Well den Amand kuerz viru Schluss wéinst engem Platten aus der Top 10 erausgefall war, konnt de Lëtzebuerger sech um Enn als Siwente klasséieren.
Ënnert de Rookië war et fir de Kieffer déi zweet Plaz, sou datt hie fir déi drëtte Kéier hannerteneen an deem Klassement um Podium stoung. Gewonnen huet de Laf zu Spielberg de Robert de Haan, virum Flynt Schuring an dem Keagan Masters.
Bei 30 Grad, ouni Klimaanlag oder gekillte Gilet, goung et op déi 18 Ronnen um Red Bull Ring zu Spielberg. Aus der éischter Rei gestart, konnten déi zwee Rookië Paul Cauhaupé an Andrea Bristot hir gutt Positioun awer net ëmsetzen. Schlecht duerch déi éischt Kéier komm, an no der drëtter Kéier waren déi zwee Lechner-Autoe vu Marcus Amand a Robert de Haan vir. De Lëtzebuerger Chester Kieffer war vu Startplaz 6 an d'Course gaangen a hat am Duerchernee vun der éischter Ronn zwou Plaze verluer.
Duerno waren d'Positioune souwäit bezunn, bei der Hëtzt huet et gegollt d'Pneuen um Liewen ze halen, bis an der zweeter Hallschent vun der Course den de Haan sengem Teamkolleeg ëmmer méi no komm ass. Um Enn huet et awer keng Attack, mee just en Ausrutscher vum Amand Amand gebraucht, fir den Hollänner a Féierung ze bréngen. Den Chester Kieffer houng iwwerdeems weider hannert dem Championnatsleader Theo Oeverhaus fest a krut keng Geleeënheet, richteg unzegräifen. Den Amand sollt zwou Ronne viru Schluss dunn och nach e Platte kréie - ass awer weidergefuer a gouf um Enn deen 12.
De Robert de Haan konnt dogéint vir wech fueren an eng Heem-Victoire feieren, seng éischt fir déi éisträichesch Lechner-Ecurie. Plaz 2 war fir dem Kieffer säin Teamkolleeg Flynt Schuring, virum Andrea Bristot, deen duerno awer nach eng 5 Sekonne Strof krut an doduerch seng Plaz um Podium verluer huet. Profitéiert dovun huet de Südafrikaner Keagan Masters, fir mat op de Podium ze klammen.
Bei de Rookie blouf den Italieener trotzdeem op Plaz 1, virum Chester Kieffer, dee bis elo an all Manche vum Supercup op de Podium vun de Rookië komm ass. Den nächste Laf ass an dräi Wochen zu Spa Francorchamps.