Porsche Carrera Cup DäitschlandChester Kieffer feiert éischte Podium zu Zandvoort

Tom Hoffmann
Am Kader vun der DTM goufen zu Zandvoort déi nächst Coursse vum Porsche Carrera Cup Däitschland gefuer. An Holland konnt den Chester Kieffer säin éischte Podium an der Serie feieren.
© Flatout Studios

De Lëtzebuerger hat sech no enger staarker Qualifikatioun fir déi éischt Course vum Weekend déi zweet Startplaz geséchert. Virum Pilot vu Schumacher CLRT stoung den Alexander Tauscher, hannert him säin Teamkolleeg Flynt Schuring. Den Hollänner hat déi lescht dräi Coursse gewonnen a wollt virum heemesche Public natierlech noleeën.

De Start vum Pole-Setter Alexander Tauscher war net optimal, wouvun den Chester Kieffer direkt profitéiere wollt. Den Däitschen huet seng Plaz reegelkonform verdeedegt. A wann zwee sech streiden, da freet sech bekanntlech den Drëtten a genee dat ass hei geschitt. De Flynt Schuring konnt den Chester Kieffer iwwerhuelen an no véier Touren och de Leader mat Succès attackéieren.

Den Chester Kieffer war weider no drun, fir déi zweet Plaz ze erreechen, bis et méi hannen am Feld zu enger Kollisioun tëscht dräi Autoe koum. No engem heftegen Accident vun zwee Pilote gouf d’Course am 6. Tour ënnerbrach. De Pilote goung et gutt, der Leitplank awer net. Déi huet misse reparéiert ginn.

Well d’Course am Kader vun der DTM zu Zandvoort ausgedroe gouf an den enken Zäitplang misst agehale ginn, konnt d’Manche net méi direkt relancéiert ginn a gouf op den Owend verluecht.

Un de Spëtzepositioune sollt sech awer näischt méi änneren. De Flynt Schuring huet déi éischt Course vum Weekend virum Alexander Tauscher an dem Chester Kieffer gewonnen. Fir de Lëtzebuerger war et den éischte Podium am Porsche Carrera Cup Däitschland.

Um Sonndeg war awer nees vill Pech am Spill. Direkt nom Start huet sech en Auto gedréint, wouduerch den Chester Kieffer esou staark huet missten ofbremsen, fir eng Kollisioun ze vermeiden, dass de Pilot vu Schumacher CLRT bis op déi 13. Plaz zeréckgefall ass.

Am Verlaf vun der Course konnt sech de Lëtzebuerger zwar nees no vir kämpfen, mee nodeems hie vum Sam Jongejan vun der Streck gedréckt gouf, war eng Victoire am Rookie-Klassement praktesch net méi méiglech.

Trotzdeem huet den Chester Kieffer et nach fäerdeg bruecht, sech bis op déi 13. Plaz no vir ze schaffen an, nom Sam Jongejan senger Zäitstrof, als beschte Rookie iwwer d’Arrivée ze fueren. Domat feiert de Lëtzebuerger scho seng 6. Victoire an aacht Coursse vun der Rookie-Kategorie a baut domat seng Avance am Rookie-Klassement weider aus.

Gewonne gouf d’Course vum Däitschen Alexander Tauscher, virum Hollänner Flynt Schuring an dem Theo Oeverhaus aus Däitschland.

Back to Top
CIM LOGO