Porsche Supercup zu Spa-FrancorchampsChester Kieffer feiert als Zweeten éischt Rookie-Victoire

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass um Circuit vu Spa-Francorchamps déi véiert Manche vum Porsche Supercup gefuer ginn.
© Porsche Supercup

Den Chester Kieffer (Schumacher CLRT) ass no enger staarker Qualifikatioun e Sonndeg fir d'éischte Kéier aus der éischter Rei an eng Course vum Porsche Supercup gaangen. De Lëtzebuerger konnt dës excellent Ausgangspositioun dann och notzen, fir um Circuit vu Spa-Francorchamps seng bescht Placéierung bis ewell erauszefueren. No 12 Ronnen ass den Chester Kieffer deen excellenten Zweeten an der Course ginn an huet domadder och seng éischt Rookie-Victoire gefeiert.

Als Éischte konnt sech de Flynt Schuring feiere loossen. Den Teamkolleeg vum Kieffer war vun der Pole an d'Course gaangen an huet déi éischt Positioun déi ganzen Zäit souverän verdeedegt. De Podium komplettéiert huet de Robert de Haan (BWT Lechner Racing).

Wärend der ganzer Course ass et an den éischte Positiounen zu kengen Iwwerhuelmanövere komm.

Duerch seng staark Performance e Sonndeg ass den Chester Kieffer elo punktgläich mam Leader Andrea Bristot am Rookie-Klassement. Béid Piloten hunn 43 Punkten um Konto. De Bristot hat déi besser Resultater iwwer d'Saison gekuckt a steet dofir un der Spëtzt. Drëtten ass de Paul Cauhaupe mat 39 Punkten.

Den Chester Kieffer iwwer de Verlaf vun der Course

De Flynt Schuring huet duerch d'Victoire vun der Course seng Féierung am WM-Klassement ausgebaut. Hien huet elo 82 Punkten. Zweeten ass den Theo Oeverhaus mat 62 Punkten. Den Chester Kieffer ass de Sechste mat 43 Punkten.


Weider Artikelen iwwer d'Porsche-Supercup-Coursse fannt Dir hei:

Back to Top
CIM LOGO