
Et ass kee Geheimnis, dass Ford en Hypercar-Programm lancéiert huet, mam groussen Zil, d'24 Stonne vu Le Mans ze gewannen. D'Fro ass just, wien am Cockpit sëtzt. Aktuell geet déi amerikanesch Autosmarke mat engem Ford Mustang an der LMGT3-Kategorie un den Depart.
Bei de 6 Stonne vu Spa-Francorchamps war Ford nach mat zwee GT3-Autoen um Start. Laangfristeg wëll sech de Constructeur awer net nëmme mat Klassevictoiren zefridde ginn. De groussen Dram bleift d'Gesamtvictoire zu Le Mans.

2027 wëll Ford offiziell an d'Hypercar-Kategorie eraklammen. Zu Spa-Francorchamps huet de Ford-Performance-Direkter Mark Rushbrook erkläert, dass aktuell eng immens spannend Zäit fir de Motorsport-Departement vun der Mark leeft:
“Ford ass gär a ville verschiddene Rennserien aktiv, mee Le Mans ass eng ganz speziell Plaz. Mat engem Hypercar unzetrieden an ëm de Gesamtvictoire zu Le Mans ze kämpfen, ass fir eis ganz wichteg. Mir si besonnesch begeeschtert dovun, wéi mir dëse Programm bannent Ford Racing opbauen. De Motor gëtt bei eis entworf, entwéckelt a gebaut. Och all Dyno-Tester ginn intern bei Ford gemaach. Zesumme mat Oreca integréiere mir alles an den Auto, mat engem flotte Ford-Design drop. Mir kënnen et kaum erwaarden, méi spéit dëst Joer mat den Tester unzefänken.”

Aktuell huet Ford sechs Piloten am GT-Programm. Mam Eric Powell a Logan Sargeant stinn och zwee amerikanesch Piloten am Kader. Fir de fréiere Formel-1-Pilot Sargeant huet de Projet eng ganz speziell Bedeitung:
“Ford war zënter menger Gebuert en Deel vu menger Famill. Et ass e risegt Privileeg an eng grouss Éier. An dann och nach Deel dovun ze sinn, datt Ford zréck an déi héchst Klass kënnt, mécht et nach méi speziell. Ech si frou, datt ech vun Ufank u mäin Deel dozou bäidroe kann.“
Den Amerikaner schafft schonn intensiv um Simulator mat. Besonnesch d'Entwécklungsaarbecht hannert de Kulisse géif aktuell op Héichtoure lafen.
"Mir schaffen un de Kontrollsystemer, un der Optimiséierung vum Steierrad fir d'Piloten an natierlech un der Ingenieursaarbecht am Hannergrond. Et ass flott ze gesinn, wéi mir vu Sessioun zu Sessioun Fortschrëtter maachen. Ech hoffen, datt ech beim éischten Test am August dobäi sinn."
Net nëmmen d'Tester stinn am Fokus. Och d'Zukunft bei de 24 Stonne vu Le Mans ass schonn am Kapp.
"Le Mans ass déi gréisst Course an der Endurance. Ford huet zënter 1969 net méi do gewonnen. D'Méiglechkeet ze hunn, Ford erëm un d'Spëtzt ze bréngen, wier e risegt Privileeg. Mee realistesch gesinn, geet et am éischte Joer virun allem drëm ze léieren, den Auto weider z'entwéckelen a Schrëtt fir Schrëtt Fortschrëtter ze maachen.“

Well Ford an der Formel 1 mat Red Bull zesummeschafft, stellt sech natierlech och d'Fro, ob dës Kollaboratioun beim Hypercar-Projet eng Roll spille kéint. Fir de Mark Rushbrook sinn déi zwee Programmer awer kloer getrennt.
"D’Formel-1-Aktivitéite musse getrennt bleiwen, einfach wéinst der Struktur vun de Programmer an dem néidege Fokus. Mir hunn eng separat Ekipp fir den Hypercar an de Motor. Et gëtt awer e puer Méiglechkeeten, Software-Erfarungen a Kalibratiounskenntnisser aus der Formel 1 an den Hypercar-Programm ze iwwerhuelen. Mee am Groussen a Ganze si béid Programmer dach ganz ënnerschiddlech."
Spannend bleift och d'Fro, wie Ford als Stammpilote fir hiren Hypercar engagéiert. Dräi Nimm si schonn offiziell confirméiert: Mike Rockenfeller, Sebastian Priaulx a Logan Sargeant. E véierte Pilot soll geschwënn annoncéiert ginn.
Ronderëm de Projet zirkuléieren awer och schonn déi éischt grouss Rumeuren. Eng dovun: De Max Verstappen kéint Deel vum Ford-Hypercar-Programm ginn. De véierfache Formel-1-Weltmeeschter huet an de leschte Méint ëmmer nees säin Intressi u Laangstreckecourse gewisen, ënnert anerem rezent bei de 24 Stonnen um Nürburgring. Och de Mark Rushbrook huet duerchblécke gelooss, dass et scho Gespréicher mam Hollänner gouf.
