Formel 1: GP vu KanadaGeorge Russell och am Qualifying dee Séiersten

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg am Nomëtteg huet den George Russell de Sprint gewonnen am Qualifying war hien eng weider Kéier dee Beschten.
George Russell freet sech a Kanada iwwer staark Leeschtung
George Russell freet sech a Kanada iwwer staark Leeschtung
© GEOFF ROBINS/AFP

Den George Russell huet sech e Samschdeg den Owend Lëtzebuerger Zäit d'Pole Position fir de Grousse Präis vu Kanada geséchert. De Mercedes-Pilot ass um Circuit Gilles Villeneuve zu Montréal déi séierste Ronn am Qualifying gefuer. De Britt hat sech wärend dem Qualifying laang schwéier gedoen, fir d'Pneuen op déi richteg Temperatur ze bréngen, ma déi lescht Ronn souz dunn. Fir de Russell ass et well déi drëtte Pole noenee beim Grousse Präis vu Kanada.

Op der zweeter Plaz huet sech de Kimi Antonelli am zweete Mercedes placéiert. De WM-Leader war 68 Dausendstel méi lues wéi säin Teamkolleeg. Op d'Plazen dräi a véier sinn déi zwee McLaren-Pilote Lando Norris an Oscar Piastri gefuer. Domadder gesinn déi zwou éischt Reien d'nämlecht aus wéi am Sprint.

Am Q2 war Feierowend fir den Nico Hülkenberg (Audi), Liam Lawson (Racing Bulls), Gabriel Bortoleto (Audi), Pierre Gasly (Alpine), Carlos Sainz (Williams) an den Oliver Bearman (Haas).

Am Q1 goufen den Esteban Ocon (Haas), Fernando Alonso an Lance Stroll (Aston Martin), Sergio Perez a Valtteri Bottas (Cadillac) an den Alexander Albon (Williams) eliminiéiert.

De Grousse Präis vu Kanada op der Île Notre-Dame gëtt e Sonndeg den Owend um 22 Auer eiser Zäit gefuer. Op RTL kënnt Dir d'Course live suivéieren. Do dierft ee gespaant sinn ob de Russell dann nom Sprint-Qualifying, dem Sprint an dem Qualifying eng weider Kéier op déi éischt Plaz ka fueren.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

FORMULA 1 LENOVO GRAND PRIX DU CANADA 2026

Back to Top
CIM LOGO