
Den George Russell huet sech vun der Pole aus d'Victoire am Sprint beim Grousse Präis vu Kanada geséchert. Mat engem Retard vun 1,2 Sekonnen ass de Lando Norris am McLaren op déi zweete Plaz gefuer. De Kimi Antonelli am zweete Mercedes huet de Podium komplettéiert.
Den George Russell an de Kimi Antonelli, déi aus der éischter Rei an de Sprint gaange sinn, hu sech en haarden Duell geliwwert. An der sechster vun den 23 Ronne koum et tëscht béide Piloten zu enger Beréierung. Doduerch ass den Antonelli vun der Streck ofkomm an huet déi zweete Plaz un den Norris verluer. Dat sollt bis zum Schluss esou bleiwen.
Mat Bléck op d'WM-Wäertung huet sech net vill gedoen. De Russell ass ëm zwee Punkte méi no erukomm a läit elo nach 18 Punkten hannert dem WM-Leader Antonelli. D'Victoire dierft awer gutt si fir d'Confiance vum Russell. Säin Teamkolleeg hat an de leschte Méint nämlech kloer den Toun uginn an dräi Courssen noenee gewonnen.
Laang Paus hunn d'Piloten net. Um 22 Auer Lëtzebuerger Zäit gëtt zu Montréal de Qualifying fir de Grousse Präis vu Kanada gefuer. Och dee kënnt Dir wéi gewinnt um RTL ZWEE op der Tëlee an am Stream op RTL Play kucken.