NASCAR Euro Series: Grousse Präis vu FrankräichGil Linster zu Le Castellet um Podium

Tom Hoffmann
De Gil Linster ass dëse Weekend zu Le Castellet déi zweet Manche vun der NASCAR Euro Series gefuer.
© Kilian Coufal

Vu P8 ass de Gil Linster an déi éischt Course gaangen a konnt sech no engem intensive Fight bis op P5 virschaffen an ass als 5. ofgewonk ginn. Den Thomas Toffel huet gewonnen an dat war seng drëtt Victoire hannereneen. Am General ass de Gil Linster weiderhin op P2 bliwwen.

E Sonndeg ass de Gil Linster vu P5 an déi zweet Course vum Weekend gaangen. Kuerz nom Start konnt hie sech op P3 eropschaffen, eng Plaz déi hie bis iwwert d'Zil verdeedegt huet. Wärend Ronnen huet de Gil Linster den aktuelle Leader am Championnat Thomas Toffel hannert sech gehalen a konnt esou op de Podium fueren. Am General ass de Gil Linster weiderhi gudden Zweeten.

Déi nächst Course ass de 6. a 7. Juni zu Brands Hatch.

NASCAR Euro Series: Gil Linster zu Le Castellet um Podium
De Gil Linster ass dëse Weekend zu Le Castellet déi zweet Manche vun der NASCAR Euro Series gefuer.

Back to Top
CIM LOGO